
Hei huet ee Motocyclist aus bis elo nach net gekläerte Grënn d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer, huet sech iwwerschloen an ass widder d'Leitplanke geschleidert ginn.
De Motocyclist ass a Liewensgefor a gouf op der Plaz schonns direkt behandelt, ier en an d'Spidol bruecht ginn ass.
De Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht op d'Plaz geschéckt. D'Streck war nom Accident gespaart ginn.