
Eng Persoun gouf beim Accident blesséiert. D’Pompjeeën Alebësch a Biissen waren op der Plaz, grad ewéi d’Ambulanz vu Wolz.
E Méindeg de Moie géint 7.30 Auer gouf eng Persoun verwonnt, wéi en Automobilist mat sengem Gefier tëscht Nidderkolpech an Uewerkolpech an e Bam gerannt ass. D’Pompjeeë vu Ell an d’Ambulanz vu Réiden waren am Asaz.
Ëm quasi déi identesch Zäit sinn tëscht Izeg a Sandweiler 2 Autoen net laanschtenee komm. Bei deem Accident goufen 2 Persoune verwonnt. D’Ambulanz aus der Stad an d’Pompjeeë vun Hesper waren am Asaz.