
De Motocyclist war mat e puer Kolleege vun Hierber a Richtung Bech ënnerwee, wéi hien an enger Kéier op d'Géigespuer geroden ass an et do zur Kollisioun mam Camion koum. De Motocyclist koum liewensgeféierlech blesséiert an d'Spidol.
Wéi d'Police mellt, gouf de Camionschauffer op Alkohol an Droge getest, woubäi den Drogentest positiv gewiescht wier.
De Parquet gouf informéiert, deen de Miess- an Erkennungsdéngscht op d'Plaz geschéckt an och d'Sécherstelle vum Moto an dem Gezei vum Affer ordonéiert huet.
Leschten Informatiounen no wier de Gesondheetszoustand vum Motocyclist nach ëmmer kritesch.
wéi et vun der Police heescht, wier et e Samschdeg géint 16.30 auer zu engem weideren Accident mat engem Moto zu Rossmille komm.
Hei wier de Motocyclist aus nach ongekläerter Ursaach virun enger Kéier vun der Strooss ofkomm an, an engem Feld gelant. De Mann gouf uerg verwonnt. E Friemverschëlde konnt ausgeschloss ginn.