ZeienopruffMotorrad mat Lëtzebuerger Plack "SB2008" gouf zu Peppeng geklaut

RTL Lëtzebuerg
Wien den Déifstall gesinn huet oder Informatiounen huet, soll sech bei der Police Réiserbann mellen.

Tëscht e Mëttwoch den Owend 22.30 Auer an en Donneschdeg de Moie 6.30 Auer gouf e Motorrad vun der Mark DUCATI Modell Diavel 1260S geklaut. D’Gefier ass op d’Lëtzebuerger Placken “SB2008" immatrikuléiert. D’Motorrad stoung op engem private Grondstéck vun engem Méifamilljenhaus zu Peppeng an der Rue de Crauthem, wéi een oder e puer Onéierlecher et matgoe gelooss hunn.

Informatioune si fir d’Police Réiserbann ënnert der Nummer (+352) 244 61 1000 oder via Mail op police.reiserbann@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO