Mat Scheiklappen an d'Zukunft?Mouveco onzefridde mat der Aarbecht vun der Regierung

RTL Lëtzebuerg
Mat där Fro riicht sech d'Presidentin vum Mouveco, am Virfeld vun der Deklaratioun zur Lag vun der Natioun en nächsten Dënschdeg, un de Xavier Bettel.
Mouveco onzefridde mat der Aarbecht vun der Regierung
Mat Scheiklappen an d'Zukunft? Mat där Fro riicht sech d'Presidentin vum Mouveco, am Virfeld vun der Deklaratioun zur Lag vun der Natioun un de Xavier Bettel.

Als weltfriem bezeechent d'Blanche Weber d'Duerstellung vum Premier op der Tribün vun der Vollversammlung vun de Vereenten Natiounen. Lëtzebuerg quasi als Musterland am Klimaberäich duerzestellen, do kënne mir just de Kapp rëselen, sou d'Presidentin vun der Ëmweltgewerkschaft. De Mouvement Ecologique fuerdert méi politesche Gestaltungswellen am Interêt vun den nächste Generatiounen. E Systemwiessel wier néideg. Déi Responsabel vum Mouvement Ecologique sinn onzefridden, wat d'Aarbecht vun der ganzer Regierung ubelaangt.

Des Regierung hätt et, nodeems se ee Joer am Amt ass, absolut verpasst d'Land zukunftsfäeg ze maachen. An op Europäeschem Niveau déi néideg Reformen anzekloen, sou d'Blanche Weber.

D'Zieler vum Paräisser Klimaofkommes géif een net mat Gepiddels erreechen.

Back to Top
CIM LOGO