2018 huet d’ONG an 74 Länner gehollef. Besonnesch markant fir déi Responsabel waren déi zwou Ebola-Epidemien an der Demokratescher Republik Kongo, déi uerg Ausernanersetzungen an der Gazasträif grad ewéi d'Flüchtlingssituatioun a libesche Prisongen.
Am Kongo si scho 600 Leit un Ebola gestuerwen, eng 1.000 si mam geféierleche Virus infizéiert. D’Behandlungszenteren op der Plaz hu sech entwéckelt, et gëtt besser an nei Traitementer. E groussen Problem wier awer, datt vill Leit net géife verstoen, firwat datt MSF do intervenéiert.
De President vun MSF Lëtzebuerg den Dokter Guy Berchem erkläert, datt et evident ass, datt ee wëll probéieren, d'Situatioun esou vill wéi méiglech anzedämmen, datt ënner anerem mat Impfungen ronderëm de Géigenden, wou et opkomm ass. Dëst funktionéiert zimlech gutt mä et ass och essentiell, fir et ze maachen. Well wann esou eng Epidemie aus dem Rudder leeft, da kënnen 100.000 Leit theoretesch stierwen. Ma d'Leit op der Plaz verstinn dat dacks ganz schlecht.