An der StadMysteriéis Messagen am Fond Saint-Martin

Marc Hoscheid
Een Haus am Stater Quartier Weimerskirch wërft Froen op. Messagen an de Fënsteren hunn ee Lien mam Iran. Ma d'Gebai steet och fir ee Lëtzebuerger Problem.
© Jean-Baptiste Verwaerde

Et läit zimmlech verstoppt um Enn vum Fond Saint-Martin am Stater Quartier Weimerskirch. Rieds ass vun engem Haus, dat nawell e puer Froen opwerft. Datt hei am Fong keng Mënsche wunnen, oder wunne sollten, där Meenung dierften déi meeschte Leit sinn, déi laanscht d’Gebai mat der raschteger an zerbëlzter Boîte ginn, dat seng beschten Zäit hannert sech ze hu schéngt. An et sinn nawell guer net esou wéineg Leit, déi hei laanscht kommen. Well och wann hei fir d’Autoen eng Zort Sakgaass ass, gëtt d’Strooss zu engem Feldwee, op deem vill Leit, déi um Kierchbierg schaffen, an hirer Mëttespaus zirkuléieren. Ma zeréck bei d’Haus. Do wou fréier d’Entréesdier war, ass haut ee Lach. Um Gerëscht vum klenge Virdaach hänkt een Duch, op deem Leoparden ze gesi sinn. Och d’ Garagëpaart steet op an an der Garage ass ee kleng Zelt opgeriicht. Op d’Fassad si verschidde Biller gemoolt. Wärend e puer Fënstere verbarrikadéiert sinn, sinn anerer bemoolt an et si Messagen drop ze liesen, wou vum “Roi IRAN Reza Pahlavi” riets geet. Dozou passt ee Bild op deem “école d’Art Premier Ministre IRAN chapour Bakhtiar” geschriwwe steet.

De Reza Pahlavi ass deen eelste Jong vum Mohammad Reza Pahlavi, dem lëschte Schah vum Iran. De Reza Pahlavi musst den Iran wéinst der Islamescher Revolutioun 1979 mat senger Famill verloossen. Hien huet sech spéider méi wéi eng Kéier ëffentlech un déi reliéis a politesch Autoritéite vu senger Heemecht adresséiert a si zu enger friddlecher Transitioun opgeruff. D’Leit missten an engem Referendum iwwert d’Zukunft vum politesche System am Iran decidéieren dierfen. Als Reaktioun op seng Kritik gouf eng Fatwa, also eng Zort reliéist Doudesurteel, géint hie verhaangen. De Chapour Bakthiar war 1978 an 1979 fir kuerz Zäit Premierminister vum Iran an ass am Abrëll 1979 an d’Exil a Frankräich geflücht. 1991 gouf hien zu Suresnes an der Géigend vu Paräis vu Membere vun iraneschen Agenten erstach.

Mä wat hunn dës zwou Persoune mam Haus am Fond-Saint Martin ze dinn? Wéi zwou Nopeschen erklären, huet viru ronn engem Joer een Iraner op dëser Plaz “gehaust” an d’Gebai als eng Zort Atelier genotzt. Hie wier och heiansdo mat Schëlder duerch d’Géigend gelaf, seet eng Fra. Ma och wann de Mann, deen anscheinend ee Problem mam aktuellen iranesche Regime huet, op si komesch gewierkt hätt, hätt hie si ni belästegt. Ma virun enger Partie Méint wier d’Police komm an hätt de Mann expulséiert. Dono gouf d’Haus verbarrikadéiert a wier zanterhier verlooss, mengt eng vun den zwou Nopeschen. Datt d’Entrée mëttlerweil rëm op ass, huet si nach net gemierkt, si géing och net esou dacks laanscht d’Haus. Der zweeter Nopesch sinn déi nei Bewunner allerdéngs schonn opgefall. Et wieren zwee Männer, déi do wunne géingen, well se soss keen Dag iwwert dem Kapp hätten. Negativ opgefall wieren d’Männer bis elo net.

Mee wiem gehéiert d’Haus iwwerhaapt? Op déi Fro hunn d’Nopere keng Äntwert. Fréier hätt si déi Fra, déi am Haus gewunnt huet, nach kannt, erënnert sech eng vun de Fraen. Mä am Laf vun de Joren hätten d’Proprietären e puer Mol gewiesselt. Deels wier d’Haus verlount an deels einfach sou eidel stoe gelooss ginn. Ee Proprietär hätt eng Terrasse bäibaue wëllen, mee dat wier duerch d’Bautereglement guer net erlaabt. Méi Kloerheet an d’Däischtert ronderëm d’Proprietéitsverhältnisser bréngt ee Bléck an de Kadaster. D’Parzell gehéiert zu gläichen Deeler dräi Parteien. Dobäi handelt et sech ëm zwou Entreprisen an eng Privatpersoun, déi eng “Copriété volontaire” bedreiwen. Firwat dës d’Haus bis elo net renovéiert hunn, fir et entweder selwer ze notzen oder ze verlounen, ass net gewosst.

Zu Lëtzebuerg stinn op ville Plazen Haiser eidel. Dacks dierften d’Proprietären drop spekuléieren, datt d’Terrainspräisser nach weider klammen. Op dat beim Haus am Fond Saint-Martin och de Fall ass, ass net gewosst. Tatsaach ass awer, datt d’Gebai mat der opfälleger Fassad aktuell Leit een Daach iwwert dem Kapp bitt, déi soss keen hätten.

Back to Top
CIM LOGO