Eis Baueren, no bei eis!Nach ëmmer vill Jonker léiere fir Bauer

Raphaëlle Dickes
Dat obwuel Zuel vu Bauere Betriber ofhëlt an eng Rei Schüler guer net vun engem Haff kommen. Wat motivéiert si? A wéi eng Perspektiven ginn et?
Nach ëmmer vill Jonker léiere fir Bauer
Dat obwuel Zuel vu Bauere Betriber ofhëlt
an eng Rei Schüler guer net vun engem Haff kommen. Wat motivéiert si? A wéi eng Perspektiven ginn et?

D'Zuel vu landwirtschaftleche Betriber ass an de leschte Joerzéngten zréckgaangen. Goufen et der 1990 nach 3.803, sou waren et der 2015 just nach 2.022.An et heescht, et wär onméiglech, e Bauerebetrib opzemaachen, wann een net vun engem Haff kéim. Nawell bleift d'Zuel vu Schüler, déi fir Bauer léieren, konstant. Wat motivéiert si? A wat sinn hir Méiglechkeeten? Ronn 40% vun de Schüler, déi an der Akerbauschoul op der landwirtschaftlecher Sektioun sinn, kéimen net vu Bauerebetriber, seet de Guy Reiland, deen zoustänneg ass fir dës Sektioun. An déi Tendenz géif lues awer sécher an d'Luucht goen. Dat wär och gutt esou, well d'Nofro no diploméierte Landwirte géif an d'Luucht goen, sief et beim Staat oder am Enseignement.

D'Méiglechkeet, fir spéider op engem Bauerenhaff agestallt ze ginn, ass zwar kleng, awer existent. Iwwerdeems haut liicht manner Leit aus der Famill op den Häff schaffen, gi méi extern Salariéen agestallt. Tëscht 2010 an 2015 ass dës Zuel vu 586 op 786 geklommen.

Dass d'ekonomesch Modeller an d'Aktivitéiten op den Häff änneren, weist sech an den Ofschloss-Projete vun de Schüler op der Landwirtschaftssektioun.

Op 2e a 1ère gi si encadréiert, fir eng Bestandsopnam vum Familljebetrib ze maachen an e Projet fir d'Zukunft auszeschaffen, quasi e Businessplang. De Sam Mille huet do scho ganz konkret Iddien an huet an de Lännereie vu sengen Elteren e Feld, wou hien Blummen-Zwiwwelen ubaut. Firwat se an Holland kafen, wann ee se och zu Lëtzebuerg ubaue kann?

Zanter hien e Kand ass, dreemt de Charel Welbes dovunner, de Familljebetrib zu Kanech ze iwwerhuelen. Hie wëll an Zukunft Schaffpäerd ausbilden a mat hinnen am Bësch an an de Wéngerte schaffen.

Dass et trotz aller Leidenschaft an Oppenheet wirtschaftlech net ëmmer méiglech ass, doheem um Haff Aarbecht ze fannen, déi Erfarung huet d'Marthe Bourg gemaach. Nieft sengem Papp a sengem Brudder ass net genuch Aarbecht doheem um Haff fir si mat. Dofir huet d'Marthe Bourg no der Akerbauschoul zu Bingen säi Bachelor an der Agrarwirtschaft ofgeschloss.

Den Yves Diederech iwwerdeems huet leschten Hierscht en eegene Bauerebetrib gegrënnt. Op 1,2 Hektar baut hie Geméis un nom Modell vun der solidarescher Landwirtschaft. Eng Manéier, fir de finanzielle Risiko ze minimiséieren a senge Memberen, déi e Joresabo bezuelen, an der Saison Woch fir Woch e Kuerf mat ontraitéiertem Geméis ze liwweren.

80-100 Stonnen d'Woch schafft den Yves Diederich a sengem Geméis. Weekender a Feierdeeg ginn et am 1-Mann-Betrib keng. Dofir gehéiert him de Wanter an d'Zuele fir déi éischt Saison si villverspriechend. An den nächsten zwee Joer hofft hien, vu sengem Betrib liewen ze kënnen.

Einfach war et allerdéngs net, fir e klenge Bauere-Betrib ze grënnen. Firwat, erkläert dëse Radio-Reportage.

Back to Top
CIM LOGO