Marche féministe an der StadNach ëmmer wäit ewech vun der Geschlechtergerechtegkeet, sou d'Plattform JIF

Lynn Cruchten
Zanter iwwer 100 Joer gëtt international um 8. Mäerz zur Geschlechtergerechtegkeet opgeruff.
Marche féministe an der Stad
Géint 17.15 Auer haten d’Demonstranten an Demonstrantine sech opgestallt a si kuerz drop lassgetrëppelt.

Op deem Dag gëtt op d’Suergen an d’Rechter vun de Fraen opmierksam gemaach. An 28 Staate weltwäit gëllt den 8. Mäerz Dag als gesetzleche Feierdag. An Däitschland ass dat och zu Berlin an a Mecklenburg-Vorpommern de Fall. Zu Lëtzebuerg allerdéngs net. Nawell ginn uechter d’Land eng sëllegen Evenementer organiséiert fir Geschlechtergerechtegkeet op villen Niveauen anzefuerderen. An der Stad war am um Freideg am fréien Owend e feministesche Marsch.

Fraestreik 1
Fraestreik 1

Géint 17.15 Auer haten d’Demonstranten an Demonstrantinne sech opgestallt a si kuerz drop lassgetrëppelt. Éischten Informatiounen no sinn eng Dausend Persoune beim Marsch dobäi. Ënnert hinnen och Vertrieder vu verschiddene Lëtzebuerger Parteien an d’Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit Yuriko Backes.

Fraestreik 2
Fraestreik 2

Allerdéngs huet sech och eng Gruppéierung vu pro-palästinenseschen Demonstranten ënnert d’Participante vum Frae-Streik gemëscht. Si hunn ëmmer nees haart “Free Palestine” gefuerdert. An enger éischter Reaktioun vun den Organisateure vun der Marche féministe huet et geheescht, dass een net frou wier, dass de Marsch fir eng aner politesch Fuerderung genotzt gëtt. Et kéint een awer net vill dogéint maachen.

D’Marche féministe ass awer ouni Tëschefäll iwwert d’Bün gaangen. D’Police huet dofir gesuergt, datt Streck vun der Paräisser Plaz bis op de Knuedler fir de Marsch fräi waren.

D'Schreiwes mat de Furderunge vun der Plattform JIF

Back to Top
CIM LOGO