Dan Kersch/CSLNach keng Decisioun, ob Aleba sektoriell Representativitéit behält

Pit Everling
Kevin Kayser
En Dënschdeg sollen d'Resultater vun de Wale fir d'Chambre des salariés offizialiséiert ginn.
© Tom Zeimet / RTL Télé Lëtzebuerg

Behält d'ALEBA déi sektoriell Representativitéit? Déi Fro stellt sech bei der Lecture vun de Walresultater fir d'Chambre des salariés. D'Saach ass komplizéiert: D'Bankegewerkschaft ass am Grupp 4 knapp ënner 50% gerëtscht. Ma et ginn nach aner Kritären, notamment d'Walresultat an de Betriber. Den Ament gëtt et op alle Fall nach keng Äntwert op déi gestallte Fro.

Dan Kersch/CSL - Reportage Pit Everling

Et war d'Ziel vun der Bankegewerkschaft, déi sektoriell Representativitéit am Secteur ze halen an domat de Pouvoir, fir eleng Kollektivverträg fir d'Gewerkschafts-säit kënnen ze ënnerschreiwen. D'Konditioun fir 50% vun de Stëmmen am Grupp 4 ze verbuchen ass, sou just net erfëllt. D'ALEBA krut 49.22%.

De Generalsekretär Laurent Mertz fuerdert trotzdeem, datt déi sektoriell Representativitéit unerkannt gëtt. Et gesäit een och net an, wisou dat net sollt gemaach ginn.

D'Saach ass alles anescht ewéi kloer, déi offiziell Texter loossen Interpretatiounsspillraum.
De Fin-mot huet op alle Fall den Aarbechtsminister Dan Kersch, deen ënnersträicht, dass dëst och elo en neie Moment ass. Op alle Fall zielen net just d'Walresultater fir d'Salariatskammer, mä hei géifen et nach aner Critère ginn, déi elo géifen analyséiert ginn. Dono gëtt dann tranchéiert.

Mat der Analyse géing ee sech och déi néideg Zäit loossen, et géif net iwwert d'Käpp vun de Leit ewech decidéiert ginn, mä et wäert sech mat de Verantwortlechen zesummegesat ginn.

Eng Fro déi also eréischt méi spéit gekläert gëtt. En Dënschdeg sollen d'Resultater vun de Wale fir d'Chambre des salariés offizialiséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO