“Et war eng Reunioun, fir sech kennenzeléieren”, esou huet d‘Presidentin vum OGBL Nora Back d’Entrevue tëscht de Gewerkschaften an dem Premierminister Luc Frieden en Dënschdeg de Mëtteg beschriwwen.
Déi war zestane komm, well OGBL, LCGB an d‘Staatsbeamtegewerkschaft sech opgereegt haten, dass si net um sougenannte “Logementsdësch” virun net grad zwou Wochen dobäi waren. E bësse méi ewéi eng Stonn huet den Echange gedauert. Et wäre vill Themen ugeschwat ginn, esou d‘Nora Back.
“Mir hunn och iwwer de Logement geschwat, awer wierklech net ganz vill an net am Detail. Mir krute vum Premier erkläert, dass de ‘Logementsdësch’ organiséiert gouf, fir ze kucken, méi séier ze bauen. Mir hunn awer rappelléiert, dass mir awer d‘Handwierk sinn, an dass mir déi Leit vertrieden, déi an deene Secteure schaffen. Awer och all d’Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen a schaffen, déi Locataire respektiv Proprietär sinn. Dofir wëlle mir onbedéngt matschwätze bei deem Thema.”
Manner Prozeduren an eng wirtschaftlech Relance géint de Logementsproblem gëtt allgemeng begréisst. Mä och LCGB a CGFP no kéim de soziale Volet an de Mesurë vun der CSV-DP-Regierung ze kuerz. Déi kéimen aktuell virop Investisseuren ze gutt. Dozou de Premierminister Luc Frieden:
“Méi bauen, méi séier bauen. Dat ass kee Sujet vum Sozialdialog. Dat ass e Sujet vum Staat, de Gemengen an de Bauentreprisen. D‘Gewerkschaften hunn nach eng Kéier gesot, dass si et awer géifen interessant fannen, do dobäi ze sinn. Mä dat war awer kee gréissere Sujet méi. Si hu meng Explikatiounen héieren an akzeptéiert.“
Nawell wär de Sozialdialog der Regierung wichteg. De Luc Frieden huet weider thematesch Reuniounen déi nächst Wochen a Méint mat de Gewerkschaften annoncéiert.