Contournement KäerjengNächst Etapp steet kuerz bevir, Géigewand bleift

Marc Hoscheid
Zanter ronn 40 Joer gëtt iwwer eng Umgeeungsstrooss geschwat. Zanter September läit eng final Versioun vir. Deen huet zwar Retard, mee ass op der Schinn.
© RTL

Am Fong hätt den Ëmweltministère schonn Enn Dezember solle gréng Luucht ginn, ma well Ponts et chaussées nach net all déi néideg Ënnerlagen zu de Kompensatiounsmesuren eragereecht hunn, gëtt et Retard. Dës ginn nämlech fir den entspriechenden Arrêté grand-ducal gebraucht. Dem Ëmweltminister Serge Wilmes no wäert et awer wuel just nach e puer Wochen daueren, seng Beamte wieren op alle Fall prett. Schonn d’nächst Woch stinn iwwerdeems dräi Règlements grand-ducaux um Ordre du jour vum Regierungsrot, déi de Käerjenger Contournement betreffen.*

Contournement Käerjeng: Nächst Etapp geholl, Géigewand bleift

Nach net gekläert ass iwwerdeems d’Fro, ob a wéini d’Firma Saint-Gobain, där hiren Terrain fir de Projet gebraucht gëtt, plënnere wäert. Am Gespréich ass ee Site an der Industriezone Wolser zu Diddeleng Vum Wirtschaftsministère heescht et op Nofro hin, d’Gespréicher wieren en cours, dowéinst kéint ee keng Decisioune mat Bléck op de Site oder den Zäitplang kommunizéieren.

Ma och wann eng Léisung fonnt sollt ginn, dreet nach ëmmer Géigewand duerch Acteuren aus dem ziville Beräich. Net méi spéit wéi haut den Owend treffe sech Vertrieder vun der Biergerinitiativ Gemeng Suessem, vun Natur an Ëmwelt an vum Mouvéco. Dem Patrizia Arendt vun der Biergerinitiativ no wäert ee sech weider bis zum Schluss wieren.

“Dee Projet do ass just nach juristesch ze stoppen, dat wësse mer och. Mee mir si prett a mir wäerten eis geschwënn och mellen, wann d’Saachen da konkret ginn. Wa se dann och sou sinn, well mir hate lo e puer mol Varianten, déi da rëm vum Dësch waren. Et ass relativ schwiereg eens ze ginn, mee mir bleiwen um Ball.”

De Contournement wier een ze massiven Agrëff an d’Natur a dobäi nach komplett onnéideg, well ...

“Et gëtt och Alternativen. De Moment ass ee Schantjen do ënnen, deen duerch de Zoning vun der Industriezone féiert. An do huet am Viraus den Här Wolter gesot, dat gëtt eng Katastroph, do kréie mer een totale Chaos an et ass net wouer, et ass net esou geschitt. An ech mengen, dat ass eng Piste, déi mir wëlle weiderverfollegen.”

Et géing een haut diskutéieren, ob ee beim neien Ëmweltminister no enger Entrevue froe soll. Grouss Hoffnungen an esou een Treffen hätt een awer net.

*An enger éischter Versioun vun dësem Artikel war ze liesen, datt haut schonn dräi Règlements grand-ducaux vum Regierungsrot ugeholl dierfte gi sinn. Dat war am Virfeld esou suggeréiert ginn. Ma et gouf kuerzfristeg ee Problem entdeckt. Wéi den Ëmweltminister Serge Wilmes matdeelt, muss bei engem Règlement grand-ducal nach een Detail gekläert ginn. Dowéinst decidéiert de Regierungsrot réischt d’nächst Woch doriwwer.

Back to Top
CIM LOGO