Aarm sinn, obwuel ee schafft. Leschten Zuelen no riskéieren zu Lëtzebuerg ëmmer méi Leit an d'Aarmut ze rëtschen.
Et huet mat politeschen Decisiounen aus der Vergaangenheet ze dinn, déi zu Lëtzebuerg an an Europa geholl goufen, dat seet de President vun der Salariatskammer Jean-Claude Reding. Hie war en Dënschdeg de Moien den Invité vun der Redaktioun. D'Aarbecht géing an hirem Wäert net genuch geschat ginn, d'Ënnerscheeder tëscht aarm a räich wiere méi grouss ginn.
Besonnesch jonk Leit géingen dacks ënner précairen Aarbechtsverhältnesser schaffen, si kriten Interimskontrakter oder missten onbezuelte Stage maachen. E grousse Problem wier zu Lëtzebuerg natierlech de Logement, et misst ee bedenken, datt d'Uschafungspräisser beim Index net berécksiichtegt ginn.
Déi lescht Regierung hätt ze vill op wirtschaftleche Wuesstem gesat, den Zukunftspak wier e Feeler gewiescht, de Problem vu sozialen Ongläichheete wier net genuch erfaasst an ugepaakt ginn.
De Jean-Claude Reding gëtt de Verhandlungsdelegatiounen vu Blo, Rout a Gréng de Message mat op de Wee, datt se déi sozial Schiflag misst an de Grëff kréien, mat Mesurë wéi zum enger Erhéijung vum Mindestloun oder engem uerdentleche Niveau vun de Sozialleeschtungen.
Ganz wichteg wier awer déi richteg Method. Wann een eng Iddi hätt, misst déi mat de concernéierte Leit, de richtegen Associatiounen, de Betriber asw diskutéiert ginn, an da mécht een eréischt d'Ëmsetzung vun där Iddi.
Wat d'Relatioun mat de Patronen ugeet, wier de beschte Wee deen, fir sou vill wéi méiglech iwwer Kollektivverträg ze reegelen, da kéint een op Mooss schaffen.
Wat d'Sozialwalen vum Mäerz 2019 ugeet, do ass de Jean-Claude Reding zwar nach Kandidat bei de Pensionéierten, hie steet awer net méi zur Dispositioun, fir nach eng Kéier President vun der Salariatskammer ze ginn.
Et wier wichteg, datt sou vill wéi méiglech Leit kéinte motivéiert ginn, fir wielen ze goen. 500'000 Leit kréien e Walziedel.
D'chambre des salariés plënnert geschwënn an zwar an nei Gebailechkeete beim Casino syndical zu Bouneweg. Et hätt ee méi Plaz an et kéinte verschidden zousätzlech Zerwisser proposéiert ginn.
Dat aalt Gebai zu Märel ass verkaaft, do dierft en Immobilieprojet entstoen.
Mam President vun der Salariatskammer hu mer en Dënschdeg de Moien iwwer den Aarmutsrisiko op Rekordniveau geschwat.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.