D'Pandemie vun der Schwéngsgripp war am Juni 2010 eriwwer, huet ganzer 15 Méint gedauert a weltwäit 15.000 Mënschen d'Liewe kascht. Bei enger saisonaler Gripp stierwen an der selwechter Zäit tëscht 250.000 a 500.000 Mënschen. Den Impfstoff Pandemrix, deen an Europa 400 Millioune Mol verkaf gouf, huet ronn 1.300 beluechte Fäll vun Narkolepsie ausgeléist an der Firma Glaxo Smith Klein ronn 900 Milliounen Euro Gewënn bruecht. D'Santé insistéiert, datt de Vaccin vun 2009 eemoleg war an näischt mat der Impfung géint déi saisonal Gripp ze dinn hätt.
D'Kredibilitéit vun der OMS gouf a Fro gestallt. Eng Kommissioun vum Europarot ass beoptraagt ginn, fir erauszefannen, ob d'Weltgesondheetskommissioun bei den Decisioune beaflosst gouf.
Et huet sech schonns Enn 2009 bemierkbar gemaach, haaptsächlech an nërdleche Länner, datt ëmmer méi Leit un der Narkolepsie erkrankt sinn. Uganks 2010 goufen a Schweden eng 170 nei Fäll vun der rarer Schlofkrankheet dokumentéiert, haaptsächlech bei Jugendlechen. Alleguerten haten si sech géint d'Influenza A H1N1 impfe gelooss.
10 Joer méi spéit ass de Lien tëscht Impfung a Krankheet hiergestallt ginn a gëtt och net méi kontestéiert.
Et gëtt zu dësem Zäitpunkt a ganz Europa 1.300 dokumentéiert Fäll vu Mënschen, déi no der Impfung un der Narkolepsie erkrankt sinn. A ville Länner, ënnert anerem a Schweden, Finnland, England an och an Däitschland ginn dës Persoune schonn entschiedegt. De Phenomen, wéi et no der Impfung zur Krankheet kënnt, ass extrem rar. Et brauch een dofir e bestëmmten Impfstoff an eng bestëmmte genetesch Veranlagung.
An Europa goufen, fir de Virus ze bekämpfen, 5 verschidden Impfstoffer entwéckelt. Lëtzebuerg keeft haaptsächlech den Impfstoff Pandemrix© vun der englescher Firma Glaxo Smith Klein. E Produit, dee mat engem schonns deemools ëmstriddenen Adjuvant gemëscht gouf, en Hëllefsmëttel, dat den Impfstoff méi staark mécht. 2019 weess een, datt et net den Impfstoff selwer war, dee bei verschiddene Leit mat enger genetescher Veranlagung Narkolepsie ausgeléist huet, mä den Adjuvant, deen net nëmmen d'Wierkung vum Impfstoff verstäerkt huet, mä och d'Niewewierkungen.

Den 11 Juni hat Dr. Magaret Chan, Direktesch vun der OMS, der Weltgesondheetsorganisatioun den héchsten Niveau d’alerte am Kader vun enger Pandemie ausgeruff. Mëttlerweil goufen a 74 Länner 30.000 Fäll gemellt.
Am Juni 2009, 2 Méint méi spéit, ass d'Pandemie awer schonns vun der OMS als moderat agestuuft ginn. An awer ass de Plang bäibehale ginn, fir an alle Länner flächendeckend ze impfen. Sou eben och zu Lëtzebuerg, wat 4 Méint duerno, also Enn Oktober, gemaach gouf.
700.000 Dosen hat de Lëtzebuerger Staat bestallt, 45.000 goufe benotzt. Dat fir e Präis vun 2,5 Milliounen Euro!
Nëmme 40.000 Lëtzebuerger hu sech vaccinéiere gelooss. No der Pandemie krut de Grand-Duché en Drëttel (deen nach net geliwwert gouf) vun der Bestellung vum Konzern nogelooss, déi se och net hu misse bezuelen. Een Deel gouf am Kader vun der Solidaritéit Länner zur Verfügung gestallt, déi et sech net konnte leeschten, de Vaccin selwer ze kafen.
1 Joer no der Impf-Campagne koume weider Wourechten op den Dësch, wat d'OMS an d'Pharmaindustrie ubelaangt. Et goufen deemools Kontrakter tëscht der Pharmaindustrie an de jeeweilege Länner, an deene präziséiert war, datt d'Firme keng Responsabilitéite géifen huelen, wann et bei geimpfte Mënschen zu Komplikatioune kommen géif.
Kommissioun vun der OMS, déi den 11. Juni 2009 d'Pandemie ausgeruff huet, geréit an d'Viséier. Gouf et Interessi-Konflikter bei der Decisioun?
De fréieren Deputéierte Jean Huss iwwert d’Kontrakter:
De fréiere Gesondheetsminister sot deemools, Lëtzebuerg hätt sech mat dëse Kontrakter net iwwert den Dësch zéie gelooss, mä hie fuerdert, datt sou Kontrakter an Zukunft anescht geréiert solle ginn!
Reaktioune vum deemolege Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo:
D'Äntwert vun der OMS iwwert d'Virwërf: