No EZB-Decisioun Hausse Leetzëns"Natierlech och en direkten Impakt op Lëtzebuerg", sou ABBL

Maxime Gillen
Fanny Kinsch
Déi Europäesch Zentralbank huet decidéiert, d'Leetzënsen ëm ee Véierels Prozentpunkt an d'Luucht ze setzen.
"Natierlech och en direkten Impakt op Lëtzebuerg", sou ABBL
Déi Europäesch Zentralbank huet decidéiert, d’Leetzënsen ëm ee Véierels Prozentpunkt an d’Luucht ze setzen.

En Donneschdeg de Mëtteg huet d’Europäesch Zentralbank op en Neits d’Leetzënsen ëm ee Véierels Prozentpunkt an d’Luucht gesat. Dat ass schonn déi néngt Hausse bannent nëmmen engem Joer. Schlecht Noriichte fir Leit mat variabelem Taux op hirem Immobiliëprêt, ma antëscht awer gutt Nouvelle fir Leit, déi Suen op der Bank deposéiert hunn. Béides ginn d’Banken nämlech elo 1 zu 1 un de Client weider.

D’Inflatioun an der Eurozon geet zwar erof, ma bleift weider op engem héijen Niveau. Dowéinst huet d’Europäesch Zentralbank decidéiert, d’Leetzënsen weider an d’Luucht ze setzen. D’Wirtschaft dréint méi lues an d’Leit ginn allgemeng manner Suen aus. Eng Evolutioun, déi een och hei am Land gesäit an den Direkter vun der Bankenassociatioun ABBL, Jerry Grbic, nawell optimistesch stëmmt.

“Wann een elo weess, dass effektiv d’Demande fir Kreditter erofgeet, och fir d’Immobiliëkreditter och fir Lëtzebuerg, ech menge mir hunn do Abréch tëscht 30 a 40 Prozent, dann dréit déi nei Politik vun der Zentralbank hir Friichten, esou dass Hoffnung besteet, dass am September genuch Donnéeën do sinn, fir enger Zentralbank ze weisen, mir mussen d’Zënsen net weider eropsetzen.”

Dat mëttelfristegt Zil vun der EZB ass d’Inflatioun op 2 Prozent erof ze kréien. Si analyséiert dowéinst genau, wou d’Präishausse hierkënnt, wéi d’Presidentin vun der EZB, Christine Lagarde, erkläert.

“D’Ausléiser vun der Inflatioun verännere sech. Extern Sourcë fir Inflatioun ginn zeréck. Intern Präishaussen, virop wéinst méi héije Salairen a weider zolitte Profitter, dreiwen d’Inflatioun dogéint ëmmer méi an d’Luucht. Wärend eng Rei Saache méi lues dréien, bleift d’Kärinflatioun allgemeng héich, wat ënnert anerem nach ëmmer op den Impakt vun der Hausse vun den Energiepräisser op all déi aner Präisser zeréckzeféieren ass.”

Dem Haaptleetzëns läit elo bei 4,25 Prozent. Déi nächst Reunioun vum Conseil vun der EZB ass fir September virgesinn. Wéi et da virugeet, wollt d’Presidentin net soen. Just, dass d’Zënsen dee Moment erofginn, konnt si definitiv ausschléissen.

Back to Top
CIM LOGO