
Dat huet d'Fondatioun Idea an enger rezenter Analys beschriwwen. Hei goufen dee Lëtzebuerger Stabilitéitspak mat deene franséischen an däitschen Hëllefe verglach. Dee Lëtzebuerger Pak mécht jo ronn 14 Prozent vum nationale Räichtum aus, an Däitschland sinn dat eng 47 Prozent. Kuckt een awer, wéi déi staatlech Hëllefen opgedeelt sinn, mierkt een, dass déi Däitsch Regierung den Accent op Garantië fir Prête geluecht huet, wärend zu Lëtzebuerg dee gréissten Deel genotzt gëtt, fir de Betriber Liquiditéiten ze verschafen.
Ma och déi direkt Hëllefe vun der däitscher Regierung loosse sech weisen, wéi d'Sarah Mellouet vun Idea erkläert: „Le dispositif d'aides directes au niveau allemand est également à souligner dans son envergure et en plus beaucoup ont souligné que ce dispositif était facilement accessible. Ce « critère d'efficacité » dans le versement des aides est souvent un point crucial qui est soulevé pour ne pas laisser dériver autant les indépendants ou les TPE ou les PME à court terme. Donc c'est un point crucial du plan allemand, qui est régulièrement souligné.“
D'Ekonomiste vun Idea ginn awer ze bedenken, dass Garantië fir Kreditter näischt doriwwer aussoen, wat dat de Staat um Enn wierklech kascht: „Qui dit garantie de prêt ne dit pas forcément, à l'inverse des aides directes, décaissement. C'est-à-dire on ne sait pas aujourd'hui anticiper quel sera le montant véritablement engagé par les états comme „assureurs“ des prêts aux entreprises. Ce sont des montants qui sont assez importants: 300 milliards dans le cas français, plus de 1.000 milliards dans le cas allemand. Ce sont des montants colossaux, dont on ne sait pas dire quelle sera la perte sèche ou la dépense nette pour les états aujourd'hui.“
Donieft huet d'Idea dann och eng Rei Mesurë proposéiert, déi den aktuelle Lëtzebuerger Stabilitéitspak kéinte completéieren. Dorënner zum Beispill en ëffentleche Fong, dee kéint genotzt ginn, fir Participatiounen a Betriber ze kafen, déi d'Kris besonnesch staark getraff huet.