Lëtzebuerg erënnert sechNationale Commemoratiounsdag um Sonndeg

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg erënnert sech un de Kampf vum Lëtzebuerger Vollek am Zweete Weltkrich. Et gëtt op ganz ville Plazen am Land Zeremonien.
© Jeff Kieffer / RTL Télé Lëtzebuerg

An der Stad um Kanounenhiwwel, um Boulevard Roosevelt, bei der Gëlle Fra, beim Hinzerter Kräiz an zu Iechternach beim Trifolion sinn um Sonndeg Gedenkzeremonien.

Um 10.15 Auer huet de Grand-Duc Henri um Kanounenhiwwel eng Gerbe néiergeluecht.

Beim Shoah-Monument hunn den Alain Nacache, Rabbiner vu Lëtzebuerg, an de Premierminister Xavier Bettel um 10.45 Auer eng Ried gehalen. De Xavier Bettel, de Fernand Etgen, de Serge Wilmes an den Albert Aflalo hunn och eng Gerbe als Undenken un d'Shoah-Affer néiergeluecht.

Nationale Commemoratiounsdag um Sonndeg
Lëtzebuerg erënnert sech un de Kampf vum Lëtzebuerger Vollek am Zweete Weltkrich. Et gëtt op ganz ville Plazen am Land Zeremonien.

Géint 11 Auer gouf vum Xavier Bettel, dem Fernand Etgen, dem François Bausch an dem Serge Wilmes eng Gerbe virun der Gëlle Fra néiergeluecht, ier de Premier um 11.30 Auer eng Ried virum Hinzerter Kräiz gehalen huet.

Ofschloss vun den offizielle Feierlechkeeten um nationale Commemoratiounsdag huet eng Zeremonie vu 17 Auer un am Trifolion zu Iechternach gemaach.

Op der Plaz halen de Premier Xavier Bettel, de President vun der Chambre des députés Fernand Etgen, de Buergermeeschter Yves Wengler an de President vum Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale, de Guy Dockendorf, eng Ried.

Och zu Esch gouf un d'Affer vum Zweete Weltkrich geduecht.

An hirer offizieller Proklamatioun weist d'Regierung drop hin, dass och 75 Joer no der Befreiung vu Lëtzebuerg vum Nazi-Joch am September 1944, den Nationale Commemoratiounsdag seng symbolesch Bedeitung behält. Eng Natioun ouni Erënnerung géif op engem schlechte Wee an d’Zukunft goen. Mir missten deemno och haut bei deene jonke Generatiounen d’Erënnerung un den 10. Oktober 1941 waakreg halen.

D'Regierung ënnersträicht op dësem Dag den Asaz fir Demokratie a Mënscherechter. Et ass ee grousse Merci fir all déi couragéiert Fraen a Männer vun deemools, dass si eis gewisen a virgelieft hätten, wéi wichteg et ass, d’Fräiheet vun all Mënsch ze garantéieren.

D’Erënnerung un dës däischter Zäiten an dramatesch Evenementer soll eis weiderhi stäerken an eisem Asaz fir eng fräi Gesellschaft an engem solidareschen Europa, heescht et nach am offizielle Schreiwes vun der Regierung.

Proklamatioun vun der Regierung

Proklamatioun vun der Regierung fir den Nationale Commemoratiounsdag 2019

Och wann déi lescht direkt Zeie vum Zweete Weltkrich eis lues a lues « Äddi » soen, och 75 Joer no der Befreiung vu Lëtzebuerg vum Nazi-Joch am September 1944, behält den Nationale Commemoratiounsdag vum 10. Oktober seng symbolesch Bedeitung. Zanter 1946 erënnere sech d’Lëtzebuerger op deem Dag all Joer un d’Nazi-Tyrannei vun 1940 bis 1945. Si éiere weiderhin d’Undenken un all d’Affer, déi sech géint d’Tyrannei gewiert hunn an déi fir d’Fräiheet an d’Onofhängegkeet vun der Heemecht mat hirem Liewen bezuelt hunn.

Eng Natioun ouni Erënnerung geet op engem schlechte Wee an d’Zukunft. Mir mussen och haut bei deene jonke Generatiounen d’Erënnerung un den 10. Oktober 1941 waakreg halen, wéi den Nazi-Gauleiter probéiert huet, duerch eng « Personenstandsaufnahme » vun de Lëtzebuerger dat schrëftlecht Geständnis z‘erpressen, datt se däitsch wieren. Dass déi Aktioun annuléiert gouf, wéi d’Nazie festgestallt hunn, datt iwwer 90 Prozent mat « Lëtzebuerger » geäntwert haten, ass als een éischte wichtegen Erfolleg vun der Resistenz interpretéiert ginn. Dofir huet dee symboleschen Datum sou eng bedeitend Plaz am kollektive Gediechtnes vun eisem Land.

Op dësem Dag ënnersträiche mir eisen Asaz fir Demokratie a Mënscherechter. Mir soen deene couragéierte Fraen a Männer vun deemools Merci, datt se eis gewisen a virgelieft hunn, wéi wichteg et ass, d’Fräiheet vun all Mënsch ze garantéieren. Den Asaz vun de Resistenzler, de Refraktären an all deenen, déi wéi de verstuerwene Grand-Duc Jean an den alliéierten Arméie gekämpft hunn, gëtt net vergiess; genau sou wéineg wéi déi onendlech Leidensgeschicht vun de verfollegte jüddesche Landsleit a Flüchtlingen. Mir denken och un déi Dausende jonk Fraen a Männer, déi an de « Reichsarbeitsdienst », de « Kriegshilfsdienst » an an déi verhaasste Wehrmachtsuniform gezwonge goufen. A mir hunn e Gedanke vu Respekt an Dankbarkeet fir déi vill Familljen am Land, déi de Refraktären an Deserteuren an hire Kelleren, Späicheren a Scheieren eng Stopp offréiert hunn, ëmmer vum Damoklesschwäert vu Verhaftung, KZ oder Ëmsiidlung bedrot.

Viru 75 Joer, den 9. an 10. September 1944 war d’Freed iwwer d’Befreiung duerch amerikanesch Truppen onbeschreiflech. D’Beispill vum SS-Massaker den 2. September zu Diddeleng weist awer och, wat fir enge méigleche Geforen d’Zivilpopulatioun deemools ausgesat war. A vergiesse mer ni, datt d’Stied an d’Dierfer am Osten, laanscht déi däitsch Grenz, eréischt am Februar 1945 definitiv befreit goufen. Wéi d’Ardennenoffensiv vum Wanter 1944-1945 vun den alliéierten Truppen zréckgeschloe war, louch een Drëttel vum Land an Trümmer, haten Honnerte vu Lëtzebuerger hir Léifst verluer a waren Dausende vun Zaldoten ze begruewen.

D’Erënnerung un dës däischter Zäiten an dramatesch Evenementer soll eis weiderhi stäerken an eisem Asaz fir eng fräi Gesellschaft an engem solidareschen Europa.

D’Membere vun der Regierung

Xavier BETTEL, Étienne SCHNEIDER, François BAUSCH, Jean ASSELBORN, Romain SCHNEIDER, Pierre GRAMEGNA, Dan KERSCH, Claude MEISCH, Corinne CAHEN, Carole DIESCHBOURG, Marc HANSEN, Claude TURMES, Paulette LENERT, Sam TANSON, Taina BOFFERDING, Lex DELLES, Henri KOX

PDF: Proclamation du Gouvernement (Version française)

Back to Top
CIM LOGO