Invité vun der Redaktioun (19. November) - Marc WagenerNationalrot fir Produktivitéit net onofhängeg genuch

Sascha Georges
E Méindeg de Moie war den Direkter fir Wirtschaft-Affären vun der Chambre de Commerce eisen Invité vun der Redaktioun.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Marc Wagener
E Méindeg de Moie war den Direkter fir Wirtschaft-Affären vun der Chambre de Commerce eisen Invité vun der Redaktioun.

Mir schwammen ganz dacks an der Definitioun vun der Produktivitéit hei am Land, dofir wier et wichteg gewiescht e komplett onofhängegt Organ ze schafen, wat den CNP awer elo net ass.

Dat sot de Marc Wagener, Direkter fir Wirtschafts-Affären vun der Chambre de Commerce an och vun IDEA e Méindeg de Moien, als eisen Invité vun der Redaktioun.

Rieds ass vum  neien Nationalrot fir d'Produktivitéit, deen dem Marc Wagener no net onofhängeg genuch ass.

De Wirtschaftsminister ernennt d’Leit an deem Gremium nämlech.

Hei wier eng Chance verpasst ginn, eppes komplett Onofhängeges ze schafen, ouni politesche Background, wou objektiv kéint beroden ginn wat een am Land brauch.

Zu den aktuelle Brexit-Diskussioune sot de Marc Wagener, dass Groussbritannien weiderhin en immens wichtege Partner fir d’Lëtzebuerger Wirtschaft wier.

D’Lëtzebuerger Regierung hätt hir Hausaufgaben awer gemeet an d’Standuertvirdeeler vum Grand-Duché an d’Vitrinn gestallt. Et wier eng ganz sachlech Aarbecht gewiescht, fir Betriber eben och op Lëtzebuerg ze bréngen.

Kuerzfristeg wieren d’Impakter deemno do, allerdéngs géif nach am Raum stoen, wéi eng Auswierkungen et op laang Siicht hätt.

Generell wier de Brexit awer schlecht, bewäert et den Direkter fir Wirtschafts-Froen an der Handelskummer.

E Méindeg de Moie war den Direkter fir Wirtschaft-Affären vun der Chambre de Commerce eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO