E Mëttwoch de Mëtteg gëtt an der Chamber iwwert d’Naturschutzgesetz debattéiert an ofgestëmmt. Fir déi Gréng ee grousse Worf.
Dat gesinn d’Baueren allerdéngs e bëssen aneschters. Virun allem d’Kompenseierungsmesuren an d’Kompenséierungsflächen maachen de Baueren Suergen, sot e Mëttwoch de Moien de Camille Schroeder vun der Landwirtschaftskammer op RTL Radio Lëtzebuerg. Hie war den Invité vun der Redaktioun.
D’Aussoe vum Rapporter Henri Kox, datt Naturschutzgesetz fir d’Natur ass an net fir d’Baueren, kann de Camille Schroeder net esou stoe loossen. Hei wiere virun allem d’Bauere betraff, ee Beispill sinn eben d’Kompenséierungsmesuren.
Lëtzebuerg brauch Terraine fir ze wuessen, zum Beispill wa Stroossen, Haiser oder Industriezone gebaut ginn. An da sinn d’Bauere gefrot. Dee muss seng Produktiounsmethoden dee Moment änneren. Datt d’Baueren d’landwirtschaftlech Fläch ewech geholl kriten, wollt de Camille Schroeder esou net soen.
Och d’Onsécherheet mécht de Baueren ze schafen, do d’Punktebewäertung. Et gëtt ëmmer vun den Eco-Punkte geschwat, mä et wéisst een net, wéi déi géife fonctionnéieren. D’Landwirtschaftskammer fënnt dann och, datt een net ëmmer vun der Fläch hir kompenséieren muss a soll. Zum Beispill wa Wandmillen oder esou eppes wéi den Tram gebaut gëtt, déi schonn eng ekologesch Empreinte hunn.
Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch de Moie war de Member vum Comité vun der Landwirtschaftskammer.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren