
Dëse Freideg gëtt an der Chamber iwwer d'Klappjuegd diskutéiert, nodeems eng Petitioun déi néideg Ënnerschrëfte kritt hat.
De Mouvement Ecologique fuerdert an engem Schreiwes eng Reform vun der Juegd: Nee zur Klappjuegd a jo zur Dreckjuegd.
Et gëtt ze vill Wëld an de Lëtzebuerger Bëscher an dat wär e Problem fir d'Biodiversitéit. Eng Reduzéierung vun de Réi, Hirschen oder Wëllschwäin wär aus Natur- an Déiereschutzsiicht also noutwendeg.
De Mouvement Ecologique setzt sech verstäerkt fir déi sougenannt Dreckjuegd an. Hei sinn am Géigesaz zur Klappjuegd keng oder wéineg a gepréiften Hënn a wéineg Dreiwer am Asaz. Gejot gëtt hei op méi grousse Flächen, d'Wëld ass manner op der Flucht, et kënnt manner Onrou a manner Stress an de Bësch an d'Gefor vu Feelschëss wär och méi geréng.
Eng aner Form vu Juegd géif och d'Akzeptanz vun der Gesellschaft fir d'Juegd vergréisseren, mengt de Mouvement.
Och d'Asbl „Natur an Emwelt“ huet zum Thema Juegd Stellung bezunn a matgedeelt, dass si der Meenung sinn, dass ënnert den aktuellen Ëmstänn net kéint komplett op d'Juegd verzicht ginn. Och d'Méiglechkeet op eng réng professionell Juegd ëmzeklammen wär aus finanziellen a personelle Grënn hei am Land net dran. Eng gutt reglementéiert Juegd wär eng ganz vertrietbar Mesurë fir een nohaltegen Ëmgang mat eise Bëscher. Duerch d'Juegd kéinten d'Déierebestänn vun den meeschten Aarte reguléiert ginn, woumadder dann nees Wëldschued am Bësch an Ausfäll an den Recolten an der Landwirtschaft kéinte verhënnert ginn. An dat géing sech nees positiv op déi biologesch Diversitéit an den allgemengen Zoustand vun eise Bëscher auswierken, sou d'Asbl Natur an Ëmwelt.