
Am Bulletin vum CGDIS stoung um Freideg de Moien, dass 4 Autoe gebrannt hätten. Am Police-Bulletin ass allerdéngs rieds vun 3 Autoen. Sécher ass op alle Fall, dass kengem Mënsch eppes geschitt ass.

Domat hunn op en Neits am Raum Hesper-Alzeng Autoe gebrannt. Schonn d'lescht Woch den 3. an de 4. Januar waren zu Hesper, Réiser an um Houwald Nuets Gefierer gemellt ginn, déi a Flame stoungen. An deene verschiddene Fäll hat d'Police deemools Brandstëftung net ausgeschloss.


Am Kontext vun den Autosbränn huet d'CSV um Freideg de Mueren och schonn