
E Mëttwoch gouf den Héchstwäert bei den Neiinfektiounen vum Dënschdeg ëm 177 Fäll iwwertraff. Aktuell si 66 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 19 Patienten op der Intensivstatioun. Eng Persoun ass e Mëttwoch a Verbindung mam Virus gestuerwen.
Am Ganze goufe bis ewell 1.064.760 Impf-Dosisse genotzt. 7.749 Leit sinn e Mëttwoch geimpft ginn.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 193 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 194,15 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,39. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.