StatecNegativ Tendenzen am Industrie-Secteur

RTL Lëtzebuerg
D’Industrie-Produktioun hei zu Lëtzebuerg war Enn vum Joer 2018 méi dynamesch, wéi insgesamt an der Eurozon.

Allerdéngs war et eng manner staark Entwécklung iwwert dat ganzt vergaangent Joer gekuckt. Dat schreift de Statec um Mëttwoch de Moien an engem neie Konjunktur-Flash.

Am leschten Trimester wier de Secteur deemno op nationalem Plang ëm 1,7% gewuess. An der Eurozon war et e Minus vu knapps 1,5 %.

Schonn zanter Mëtt vum leschte Joer hätt sech awer och bemierkbar gemaach, dass d’Kreatioun vun neien Aarbechtsplaze sech an der Industrie méi lues entwéckelt.

PDF: Konjunktur-Flash vum Statec

Back to Top
CIM LOGO