KadasterverwaltungNei Büroen op der Cloche d'Or offiziell ageweit

RTL Lëtzebuerg
No bal 8 Joerzéngten ass d'Kadasterverwaltung vum Belair op d'cloche d'Or an d'Darwin-Strooss geplënnert, wou d'Leit an fuschneien Büroen empfaange ginn.
© Domingos Oliveira

Den Dag ginn eng ronn 500 Extraite bei der Kadasterverwaltung ugefrot. Déi meescht dovun iwwert den digitale Wee, also iwwer Geoportail a myguichet.

D’Leit, déi en Extrait brauchen, ginn awer och an Zukunft an de Guicheten op der Cloche d’Or empfaangen.

Geplënnert sinn d’Direktioun, d’Zerwisser vum Remembrement, den Geo-Donnéeën an der offizieller Unitéit, déi
Miessunge mécht. Alles an allem schaffen eng 150 Fonctionnairen fir dës Verwaltung, dorënner Geometeren, Architekten a Juristen.

D’Aweiung vun de neien Lokalitéiten vun der Kadasterverwaltung war en Dënschdeg de Moien a Presenz vun der zoustänneger Finanzministesch Yuriko Backes. Déi al Gebailechkeeten um Belair an der Gaston-Diderich-Strooss ginn iwwerdeems renovéiert.

D'Schreiwes vum Finanzministère.

Back to Top
CIM LOGO