"Offall kann déidlech sinn"Nei Campagne vum Ëmweltministère presentéiert

RTL Lëtzebuerg
"Offall kann déidlech sinn - Gehei näischt an d'Natur", sou heescht déi nei Campagne vum Ëmweltministère.
"Offall kann déidlech sinn"
An der Gemeng Déifferdeng war e Samschdeg de Moien déi grouss Botzaktioun nom Wanter. Iwwer 200 Leit hunn deelgeholl.

Nei Offall-Campagne / Reportage vum Christophe Hochard

Am Kader vun der Botzaktioun zu Déifferdeng gouf dës nei Campagne lancéiert. Un där Fréijoersbotz hunn iwwer 200 Leit deelgeholl.

Lass goung et um 9 Auer um Thillebierg. 2 Stonne laang gouf all Knascht vum Buedem opgeraf. Virun allem am Bësch gouf vill Dreck fonnt. Zil ass et d‘Leit ze sensibiliséieren. Um Schluss gouf et als Belounung e gudden Ierzebulli.

Elo fir d'Fréijoer organiséiere vill Gemengen esou Botzaktiounen. Et geet drëm, de Knascht anzesammelen, deen d'Leit iwwer d'Joer an d'Natur geheit hunn. Dat kann och déidlech Suitte fir d'Deieren hunn an et kascht de Staat donieft vill Suen.

© RTL Télé Lëtzebuerg / Christophe Hochard

Och d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg koum op d'Plaz an huet eng nei Aktioun géint Offall presentéiert. An där Campagne "Offall kann déidlech sinn - Gehei näischt an d‘Natur" gëtt besonnesch op de Problem higewisen, wat d'Konsequenze sinn, wann ee säi Knascht op d'Strooss gehäit.

D'Carole Dieschbourg

Tëscht dem Ufank vum leschte Joer bis Ufank vun dësem Joer goufen 227 Avertissements taxés ausgestallt, fir ee Montant vu bal 33.000 Euro, well Leit hire Knascht net uerdentlech entsuergt hunn. Eng Geldstrof ka vun 24 bis 250 Euro goen.

Schreiwes

Lancement de la campagne de sensibilisation contre les déchets sauvages: «Offall kann déidlech sinn - Gehei näischt an d'Natur» (06.04.2019)
Communiqué par: ministère de l'Environnement, du Climat et du Développement durable / Administration de l'environnement En date du samedi 6 avril 2019, la ministre de l'Environnement, du Climat et du Développement durable, Carole Dieschbourg, a présenté le lancement de la campagne de sensibilisation multimédia contre les déchets sauvages au Grand-Duché de Luxembourg.

Ci-joint vous trouverez les 4 visuels en langues française et luxembourgeoise, ainsi que le spot de sensibilisation contre le littering.

Communiqué «Offall kann déidlech sinn – Gehei näischt an d'Natur»

Back to Top
CIM LOGO