Éischt dräi Episoden elo onlineNei Doku-Serie "Schrëtt fir Schrëtt"
Iwwert en halleft Joer huet eng RTL-Ekipp siwe Leit an hirem Alldag begleet. "Schrëtt fir Schrëtt" kënnt vun elo un all Donneschdeg um 19 Auer op der Télé. Déi éischt dräi Episode sinn elo schonn online, mat der Méiglechkeet se mat franséischen oder engleschem Ënnertitel ze kucken.
Verëffentlecht: 24.09.26 19:00, Update: 24.09.26 18:59
D'Doku-Serie begleet siwe Personnagen, déi ganz ënnerschiddlech Profiller hunn an aus ënnerschiddleche Beräicher kommen. Jiddereen huet seng Geschicht: Si gi begleet an enger Phas vun hirem Liewen, an där si eng Verännerung erliewen. Sief et no engem schwéiere Schicksalsschlag, op der Sich no enger zweeter Chance am Liewen oder woen een Neiufank.
Et ass méiglech, "Schrëtt fir Schrëtt" mat franséischen an engleschen Ënnertitel ze kucken. Fir d'Ënnertitel kënnen anzeschalten, muss een an d'Astellungen goen an do d'Ënnertitel u maachen.
© Screenshot RTL Lëtzebuerg
© Screenshot RTL Lëtzebuerg
© Screenshot RTL Lëtzebuerg
Esou kann een d'Doku-Serie "Schrëtt fir Schrëtt" mat Ënnertitel kuckenKuckt "Schrëtt fir Schrëtt" och mat englesche oder franséichen Ënnertitel
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Vun elo u kënnt all Donneschdeg eng nei Episod eraus op der Tëlee an online op RTL Play. An der éischter Folleg léiert een de José, de Constantin, d'Anna an de Marc kennen.
D'Anna an de Marc hunn 2024 onerwaart hire Bouf verluer a sichen e Wee, mat hirer Trauer weider ze liewen. © RTL Lëtzebuerg
De Constantin hat eng schwéier Schoulzäit a gëtt elo mat 18 Joer säin eegene Chef a mécht ee Café an der Stad op. © RTL Lëtzebuerg
An der éischter Follge léiere mir de José, de Constantin an d'Anna an de Marc kennen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.