SebesNei Drénkwaasseranlag zu Eschduerf gouf ageweit

RTL Lëtzebuerg
An der neier Anlag kënnen 111.000 Meterkibb Waasser den Dag opbereet ginn. Däitlech méi wéi um ale Site zu Esch-Sauer.

Nei Drénkwaasseranlag zu Eschduerf gouf ageweit / Rep. Sabrina Backes

De Bau vun enger neier Anlag, deen huet misse kommen, well d’Populatioun zu Lëtzebuerg konstant wiisst an de Besoin un Drénkwaasser entspriechend klëmmt. Elo wier d’Drénkwasserversuergung mol fir eng Zäitche garantéiert an awer gëtt sech grad nach no weideren Alternative fir d’Versuergung ëmgekuckt. Den Direkter vum SEBES, Georges Kraus: “Mir rechnen domat, dass mer mindestens bis 2040 wäerte kommen. Mee mir kucken awer schonn, wat mer da maache wäerten. Well et dauert relativ laang, sou eng Infrastruktur ze bauen a mir sinn mat der Administration de la gestion de l’eau amgaangen ze kucken, wéi ee Muselwaasser kéint opbereeden an dat wäert dann och an Zukunft gekuckt ginn, dass mer do e proppere Projet hikréien an deen och realiséieren, datt dat och zäitlech duergeet.”

Am Verglach zu der aler Néierloossung zu Esch-Sauer kéint een zu Eschduerf och mat méi modernen Opbereedungsmethode schaffen, déi d’Qualitéit vum Drénkwaasser weider erhéijen. De Wiessel vun enger Sand- op eng Membranfiltratioun erméiglecht et, fir bestëmmte Partikel wéi z.b. Vire kënnen besser zréckzehalen.

Iwwerdeems gehéiert d’Desinfektioun mat Chlor der Vergaangenheet un.

“Dann ass et och esou, dass mer d’organesch Matière, déi am Waasser dran ass, z.B. e Blat, dat dra fält, déi kréie mer vill besser eraus mat der neier Ozonéierung, mat dem neie Bio- an Absorptiounsfilter. Am Endeffekt kënne mer dann och op de Chlor als Desinfektiounsmëttel verzichten, mee dat mat UV-Luucht maachen.”

Iwwer 200 Milliounen Euro hu sech déi nei Drénkwaasseranlag, inklusiv Leitungen a Pompel, kaschte gelooss.

Wie sech de Site wëll ukucke goen, dee kann dat den 8. a 9. Juli maachen. Do si Portes Ouvertes beim Sebes.

Nei Drénkwaasseranlag zu Eschduerf gouf ageweit
An der neier Anlag kënnen 111.000 Meterkibb Waasser den Dag opbereet ginn. Däitlech méi wéi um ale Site zu Esch-Sauer.

Am Pisa: Drénkwaasserversuergung fréier, haut a muer

Back to Top
CIM LOGO