Déi nei Federatioun Luxembourg Retail Federation ass Member vun der CLC, der Confédération de Commerce. 23 Grënnungs-Memberen hunn déi nei Federatioun an d’Liewe geruff. Membere mat ganz ënnerschiddleche Profiller. Am Verband sinn esouwuel kleng Butteker, wéi och international Enseignen a lokal Geschäftsverbänn vertrueden.
De Robert Goeres ass de Präsident vun der nei gegrënnter Federatioun. De Geschäftsmann huet 1998 de Familljebetrib iwwerholl, an ass zënter 20 Joer an der clc engagéiert.