LandwirtschaftskammerNei Gesichter, neit Blutt am neien exekutive Gremium

RTL Lëtzebuerg
President vun der Landwirtschaftskammer ass de Guy Feyder, Vizepresident de Paul Funck.
© Ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural

Nei Gesichter, neit Blutt. Esou resüméiert de Landwirtschaftsminister Romain Schneider de neie executive Gremium vun der Landwirtschaftskammer, deen en Dënschdeg fir eng Plenière constituante zesummekoum. 15 Leit aus der Landwirtschaft sinn do vertrueden, 3 Wënzer an ee Gärtner. President vun der Landwirtschaftskammer ass de Guy Feyder, Vizepresident de Paul Funck. De Bureau besteet nach aus dem Nico Kass, Marc Fisch an dem Louis Boonen.

Als Sproochrouer fir d’Bauere fungéiert d’Chambre de l’agriculture, an als éischten Uspriechpartner fir den zoustännege Ministère. En Dënschdeg de Mëtteg huet de President Guy Feyder, wat d’Suerge vun de Baueren ugeet, gemengt, datt déi an Zukunft esou munch Epreuve wäerte bewältege mussen: "Wann ee gesäit wat sech politesch ëm eis deed, a wat fir een Challenge dem Secteur agricole operluecht gëtt, da kann et keng aner Äntwert ginn, wéi datt mir eis Kräfte bündelen an all un engem Strang zéien, an datt mir d'Intérête vum Secteur au mieux verdeedegen. Dofir ziele mir och op de Ministère. Mir hunn och de Koalitiounsaccord gelies, an hunn do festgestallt, datt de Secteur agricole, am politeschen Enjeu, dee de Moment aktuell ass,  bedrängt an a Fro gestallt gëtt."

Guy Feyder - President vun der Landwirtschaftskammer

Dofir sollen missten Diskussioune gefouert ginn an adequat Äntwerte fonnt ginn, esou de Guy Feyder.

Communiqué par: Ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural

Unter dem Vorsitz von Romain Schneider, Minister für Landwirtschaft, Weinbau und ländliche Entwicklung fand heute die konstituierende Plenarversammlung der Landwirtschaftskammer statt. Die Plenarversammlung ist das souveräne Organ der Landwirtschaftskammer und besteht aus 19 Mitgliedern (15 Landwirte, 3 Winzer, 1 Gärtner) die heute, mit einer großen Mehrheit, einen neuen Vorstand gewählt haben.

• Präsident: Guy Feyder
• Vize-Präsident: Paul Funck
• Assessoren:Marc Fisch, Nico Kass

Als Kooptiertes Mitglied wurde Louis Bonen ernannt.

Der Vorstand der Landwirtschaftskammer repräsentiert das Verwaltungs- und Exekutivorgan der Landwirtschaftskammer.

Die Landwirtschaftskammer erfüllt eine wichtige beratende Funktion im legislativen Bereich, sowie in der Berufsausbildung und Weiterbildung und ist für das Ministerium für Landwirtschaft, Weinbau und ländliche Entwicklung einer der wichtigsten Partner, so Romain Schneider.

Des Weiteren betonte der Minister, dass eine moderne Landwirtschaft, gestützt auf den drei Säulen der wirtschaftlichen, der ökologischen und der sozialen Nachhaltigkeit, nur im Dialog mit allen wichtigen Akteure umzusetzen ist.

Back to Top
CIM LOGO