MeteoNei Héchsttemperatur an der Belsch - och zu Lëtzebuerg ass et waarm

RTL Lëtzebuerg
13,9 Grad waren et den Donneschdeg de Moie bei Bréissel - een neie Rekord.

En Donneschdeg gouf am belschen Uccle mat 13,9 Grad dee wäermsten 30. Dezember zanter dem Joer 1925 registréiert. Deemools louch d’Héchsttemperatur bei 13,8 Grad. Dës virleefeg Resultater huet de Chef vum belschen Institut royal météorologique, den David Dehenauw, op Twitter bekannt ginn. Déi héchsten Dezember-Temperatur an der Belsch gouf iwweregens mat 16,7 Grad um 16. Dezember 1989 gemooss.

Och zu Lëtzebuerg sinn d’Temperaturen en Donneschdeg mat 12 bis maximal 15 Grad verhältnesméisseg waarm. Déi héchsten Dezember-Temperatur zanter 1947 gouf bei eis de 17. Dezember 2019 um Findel gemooss. Deemools war den Thermometer bis op 14,7 Grad geklommen. Den Temperaturduerchschnëtt fir den Dezember louch tëscht de Joren 1981 an 2010 bei 1,8 Grad, tëscht de Joren 1991 an 2020 ass dëse Schnëtt op 2,3 Grad geklommen.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?

Back to Top
CIM LOGO