Allerdéngs verschwanne virun allem well Beien. Mee net nëmmen si. Dohier ass et wichteg, eppes géint d'Insektestierwen z'ënnerhuelen.
Dat hunn och déi 3 Naturparken - Our, Uewersauer a Mëllerdall sech 2020 geduecht. Zanter Mäerz 2022 leeft dohier um Golf zu Klierf e Projet, wou et drëms geet, nei Liewensraim fir d'Insekten ze schafen.
61 Hektar grouss ass de Golfterrain zu Klierf. Dovunner sinn 48 Hektar Offeland. 2,5 Hektar sinn aktuell insektefrëndlech amenagéiert.