
An 10 bis 15 Joer ginn 2/3 vun den Dokteren, déi aktuell praktizéieren, an d’Pensioun. De Lëtzebuerger Gesondheetswiesen ass extrem fragil a Lëtzebuerg riskéiert, ee Manktem un Dokteren ze kréien.
D’Chamber huet dowéinst en Dënschdeg ee Gesetz guttgeheescht, mat deem een neie Bachelor a der Medezin an zwou Spezialisatiounen (an Onkologie a Neurologie) op der Uni um Belval fir dës Rentrée agefouert ginn.
Mam Gesetz ginn och d’Indemnitéite fir Doktere wärend der Formatioun vun 3.300 op 4.175 Euro am éischte Joer eropgesat. Am 5. Formatiounsjoer soll d’Indemnitéit 5.175 Euro erreechen.
D’CSV huet d’Gesetz zwar matgestëmmt, mä huet awer kritiséiert, datt de Chef vun de Medezinsstudien op der Uni wärend den Aarbechten an der Chamberkommissioun net gehéiert gouf.
D’Oppositiounspartei huet och bedauert, datt et an Zukunft zwee Weeër géinge ginn, fir Generalist ze ginn. D’ADR, déi huet notamment verlaangt, datt auslännesch Medezinsstudenten hei am Land och misste Lëtzebuergesch léieren, huet d’Gesetz awer och matgestëmmt, genee ewéi och d’Piraten.
Déi Lénk, déi hu sech beim Vott enthalen, well d’Gesetz net wäit genuch géing goen. Si hunn eng Gesamtformatioun hei am Land gefuerdert, well Lëtzebuerger nach ëmmer op Studien am Ausland ugewise wieren.
Och d’ALEM, d’Associatioun vu Lëtzebuerger Medezinsstudenten, fuerdert zanter méi laanger Zäit ee Master a Medezin hei am Land. Den DP-Héichschoulminister Claude Meisch sot, hie géing sech dat och wënschen. Mä et misst een eben „Schrëtt fir Schrëtt“ als éischt emol Bachelor aféieren an dann evaluéieren, ob ee ka méi wäit goen. Senger Meenung no hätt ee gesamte Medezinstudium hei am Land och ee Risiko, well een da géing riskéieren, dee privilegiéierten Accès op Universitéiten am Ausland ze verléieren. Lëtzebuerg kéint dem Claude Meisch no „net eegestänneg“ ginn am Domän vun der Medezin. Hei d'Etud „Lair“ iwwert d’Santés- a Medezinberuffer zu Lëtzebuerg.