Zesummenaarbecht Luxair an HotelsschoulNei Menüe fir d'Leit an der Economy Class

RTL Lëtzebuerg
D'Menüen, déi op Volle vun der Lëtzebuerger Fluchgesellschaft an der Economy-Class zerwéiert ginn, solle vun de jonke Kächinnen a Käch erneiert ginn.

2021 gouf et scho sou eng Kollaboratioun fir d’Platen an der Business-Class.

D’Iddi elo ass, dass d’Schüler aus der EHTL 2 nei Klengegkeeten a 6 Sandwichen entwéckelen, déi thematesch mat der respektiver Destinatioun ze dinn hunn.

Vun en Donneschdeg u gëtt et déi nei Kreatiounen u Bord vun de Vollen vun der Luxair.

PDF Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO