Europäesche SozialfongNei Projete sollen d'Leit nees op den Aarbechtsmaart kréien

Claudia Kollwelter
13'000 Leit sinn an de leschte 5 Joer zu Lëtzebuerg duerch Projete vum europäesche Sozialfong gaangen.
© RTL Télé Lëtzebuerg / Pedro Venâncio

Mam Zil fir de Leit eng Aarbecht vu besserer Qualitéit an professionell Perspektiven ze bidden, goufen an de leschte Jore 35 Projeten hei am Land op d'Bee gesat. Elo leeft eng nei Period un, wou nei Projeten eragereecht kënne ginn. Den Aarbechtsminister Dan Kersch huet um Dënschdeg de Moien en Appel à Projets lancéiert.

De Kampf géint de Chômage, e besseren Zougang zu besseren Plazen fir d'sozial Kohäsioun an der Gesellschaft ze fërderen, an awer och d'Gläichberechtegung an d'Integratioun um Aarbechtsmaart sinn d'Ziler vum europäeschen Sozialfong. Am Programm un deem Lëtzebuerg deel hëlt ginn et 3 kloer Prioritéiten.

Den Aarbechtsminister Dan Kersch:Dat eent ass fir d'Leit erëm an den Aarbechtsmaart ze kréien, respektiv mol fir d'éischt eran ze kréien, dat anert ass d'inclusion sociale, an dat anert ass déi allgemeng Weiderbildung.

D'Projete gi kofinanzéiert - d'Halschent bezilt den europäeschen Sozialfong an déi aner Halschent sinn ëffentlech Lëtzebuerger Suen. Projeten déi eragereecht kënne ginn, musse verschidde Kritären erfëllen.

Dan Kersch: Se mussen selbstverständlech an déi Prioritéiten era passen, déi eis vun der europäescher Unioun virgi sinn, déi mir awer selwer och nach verfeineren kënnen. Da musse se finanziell transparent sinn, dat ass ganz wichteg. A se mussen an déi gesamt Aarbechtsmaartpolitik era passen, déi zu Lëtzebuerg gemaach gëtt.

Ee Beispill vu sou engem Projet ass den "Connections for Work", dee vun der Asti gemaach gëtt.

Dan Kersch:E riicht sech haaptsächlech un BPI'en, also Bénéficiaires de protection internationale, an insgesamt och u Migranten. Mä e riicht sech och un Benevoller, déi bereet si sech benevole ze engagéieren, fir eben deene Leit ze hëllefen, sech um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart ze integréieren a sech domat och an der Gesellschaft z'integréieren.

Fir déi 35 Projeten déi bis ewell zu Lëtzebuerg gelaf sinn oder och nach momentan lafen gouf et e gesamt Budget vun 40 Milliounen Euro. Fir déi nei Projeten déi nach bis September era gereecht kënne ginn ass nach emol e Budget vun 5 Milliounen virgesinn.

Pressecommuniqué

Dan Kersch a présenté les projets cofinancés par le Fonds social européen (07.05.2019)
Communiqué par: ministère du Travail, de l'Emploi et de l'Économie sociale et solidaire

En date du 7 mai 2019, le ministre du Travail, de l'Emploi et de l'Économie sociale et solidaire (MTEESS), Dan Kersch, a présenté le Fonds social européen (FSE) et son appel à projets pour les années 2020 et 2021.

Le FSE, qui est géré par le MTEESS au Luxembourg, est le principal instrument financier de l'Union européenne qui investit dans le capital humain. Créé en 1957, ce fonds soutient l'emploi et aide les personnes à parfaire leur formation et leurs compétences afin d'améliorer leurs perspectives professionnelles.

Le ministre a présenté brièvement tous les projets du programme 2014-2020 en cours, soit 35 projets cofinancés (dont 50% en provenance du FSE et 50% en provenance de sources publiques nationales).

De plus, le ministre a officiellement lancé l'appel à projets annuel du FSE qui est ouvert du 7 mai au 22 septembre 2019.

Les projets à introduire dans le cadre du présent appel devront soutenir un des objectifs spécifiques ci-dessous visés par le FSE, soit notamment:

I. Soutenir l'intégration professionnelle durable
-accès à l'emploi pour les demandeurs d'emploi et les personnes inactives,
-intégration durable sur le marché du travail des jeunes

II. Renforcer l'inclusion sociale

III. Promouvoir l'acquisition de nouvelles compétences.

Une préférence sera accordée aux projets présentant un taux élevé de personnes âgées d'au moins 45 ans vu l'importance de renforcer le maintien de cette population dans le marché du travail.

Le ministre a également invité le public et les potentiels porteurs à projets à consulter le site http://www.fse.lu pour avoir davantage d'informations sur l'appel en cours et à se familiariser avec la diversité des projets FSE au Luxembourg.

Enfin, dans le cadre de la fête de l'Europe le 9 mai, il a rappelé que l'équipe du FSE sera à disposition des citoyens à la place d'Armes avec son stand d'information à partir de 11 heures jusqu'à 18 heures.

Back to Top
CIM LOGO