Kanner, Elteren a PersonalNei Quarantän-Reegele fir méi Normalitéit an de Spillschoulen

RTL Lëtzebuerg
Bis elo hunn d'Kanner missten doheem bleiwen, wann et 2 positiv Fäll an enger Klass gouf, zënter e Méindeg gëllt dat am Cycle 1 eréischt vu 6 Fäll un.

Nei Corona-Reegelen an der Spillschoul / Rep. Dany Rasqué

Eng nei Moossnam, mat där den Educatiounsministère gutt Erfarungen am Cycle 2 bis 4 gemaach hätt an awer fir gemëschte Reaktioune suergt.

Zu Suessem an der Grondschoul si se frou, datt d’Kanner net méi sou séier mussen doheem bleiwen, sou de Schouldirekter Philippe Kloos.

D’Virdeeler um pedagogeschen Niveau gesäit och d’Enseignantsgewerkschaft SNE. Um gesondheetlechen Niveau ginn et an den Ae vum President Patrick Remakel awer ze vill Risiken. De Schratt, deen de Ministère hei géif maachen, wier fir Kanner aus der Spillschoul ze grouss. Et wier déi eenzeg Altersgrupp an der Schoul, wou et keng Maskeflicht géif ginn an d’Kanner och net geimpft wieren.

Soubal et ee positive Fall an der Klass gëtt, sollen d’Kanner aus dem Cycle 1 all Dag virun der Schoul getest ginn. Ob se dat maachen, kéint net kontrolléiert ginn, ma et hätt ee grousst Vertrauen an d’Elteren. Et wier ee sech dem Enjeu bewosst.

Enseignement - Nei Quarantänsreegelen am Cycle 1 (Reportage vum 21. Januar 2022)

Back to Top
CIM LOGO