KrisemedezinNei Tariffer fir Doktere kuerz a knapp erkläert

Roy Grotz
Nodeems et bei eis am Forum vill Diskussioune gouf iwwer déi nei Tariffer vun den Dokteren, erkläre mir Iech kuerz a knapp, wat dat genau bedeit.

An der aktueller Period vu Krisemedezin, wou d'Dokteren an d'Personal aus Spideeler, mä och CIPAen a Fleegeheemer mussen agéieren, gëllt och en neien uniforme Stonneloun, en Tarif vun 237 Euro, dee réckwierkend op de 16. Mäerz gëllt. Mat dëser Zomm ginn d'Traitementer an d'Consultatioune remuneréiert, déi am Kader vun der Covid19-Epidemie gemaach ginn, sief dat a Spidolsinfrastrukturen oder baussent Spideeler.

Fir den Tarif ze verstoen, muss een op déi 5 Gruppen agoen an déi d'Medezinner vun elo un agedeelt ginn.

Leit aus dem Grupp 1 schaffe wärend 4 Deeg 6 Stonnen an engem vun de 4 CSAen, duerno gëlle 4 Deeg Paus, respektiv zousätzlech Hausvisitte bei Covid-19-Patienten.

Duerfir gëllt den Tarif FC45, wat déi 237 Euro sinn, deen net vun de Patienten, mä vun der CNS bezuelt gëtt.

D'Dokteren aus dësem Grupp kënnen awer nach weider Téléconsultatioune mat de Patiente maachen, mä kee méi an der Praxis gesinn, heifir gëllt den neien Tarif C45, 47,30 Euro, déi vum Patient bezuelt ginn.

D'Dokteren am Grupp 2 assuréiere wärend 40 Stonnen am Mount Téléconsultatiounen an Haus-Visitte bei Net Covid-19-Patienten, déi keen Hausdokter hunn, respektiv dësen net erreechbar ass. Dat gëllt 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg op 7.

De Stonnentarif (237 Euro) gëtt vun der CNS bezuelt. Zousätzlech kënnen dës Dokteren Téléconsultatioune mat hire Patiente maachen (C45) a si - wann dat néideg ass - an hire Cabinet ruffen (Tarif C1). Och eng Hausvisitt ass méiglech (Tarif C1).

De Grupp 3 assuréiert wärend 40 Stonnen de Mount Téléconsultatiounen an Hausvisitte bei Leit an Alters- a Fleegeheemer. D'Tariffer sinn identesch wéi am Grupp 2.

Am Grupp 4 da sinn d'Spezialisten dran, déi dat selwecht maache wéi d'Medezinner am Grupp 2 a wou dann och de Stonneloun vun 237 Euro gëllt. De Grupp 5 sinn d'Zänndokteren.

Am Resumé kann ee festhalen, datt keen Dokter méi ka verschidde medezinesch Beräicher ofdecken. Wien an en CSA schaffe geet, dierf keng Patiente méi a sengem Cabinet gesinn an och net am CIPA.

Wie beim System matmécht - wat bis elo mol nach fräiwëlleg ass - verrechent en Deel vu senger Aarbecht der CNS als Stonnen, amplaz Acten. De Rescht vun der Aarbecht gëtt dem Patient, wéi bis lo, weiderhin op den Acte verrechent.

Back to Top
CIM LOGO