Nodeems den CHL 2018 en neien 100% digitale PET-Scanner krut, kënne vun elo un am nationale PET-Zenter och sougenannt Radio-Traceuren op Basis vu Gallium-68 op der Plaz preparéiert ginn. Dofir gouf en neie Labo mam néidegen Equipement ageriicht an e speziell forméierte Radiopharmacien agestallt.
De Produit, deen an engem klenge protegéierte Raum hiergestallt gëtt, mécht et méiglech, dass elo och am Grand-Duché gewëssen Zorte Kriibs am PET-Scan kënnen erkannt ginn. Bis dato hu Patiente fir esou Ënnersichunge missen an Däitschland oder an d’Belsch goen.
"L’avantage de ce nouvel traceur est qu’il permet d’avoir des nouveaux molécules, des nouveaux médicaments radioactifs, qui nous permettent un diagnostic de certaines formes de tumeurs. Et plus spécifiquement les tumeurs de la prostate et certaines tumeurs du système digestif", erkläert den Dokter Paul Jonard, Chef vum Service Centre National PET-Scan.
Dës fortschrëttlech Technik géif eng méi prezis Diagnos erméiglechen an doduerch kéinten och d’Traitement besser un déi jeeweileg Gesondheetssituatioun vun engem Patient ugepasst ginn.
De PET-Scanner, deen am CHL installéiert ass, ass en nationaalt Equipement, vun deem all d’Lëtzebuerger Spideeler, Dokteren an hir Patiente kënne profitéieren. Um Mëttwoch sinn déi éischt 3 Patienten un d’Rei kommen. Et rechent een domat, dass déi innovativ PET-Scan-Technik an der Ugangsphas zu Lëtzebuerg bei bis zu 500 Persounen d’Joer kann an den Asaz kommen.