
D’Presentatioun vum neie Kalenner, deen dëser Deeg vun de Facteuren an d’Boîte geluecht gëtt, war en Dënschdeg den Owend am Siège vun der Post.
Dëst Joer steet den Traditiounskalenner vun der Bréifdréieschgewerkschaft ënnert dem Sujet vum Centenaire vun der Federatioun vun de Mutualitéiten - dës Stierfkeese kucken also op eng laang Geschicht zeréck - en Historique, deen en Dënschdeg och de President vun der Bréifdréieschgewerkschaft Raymond Juchem virun den Invitéë retracéiert huet.
Am Laf vun der Industrialiséierung an nodeems d’Schmelzaarbechter an d’Mineuren am Minett sech organiséiert haten, war séier kloer, dass an engem deemolege schwierege sozialen a wirtschaftlechen Ëmfeld onbedéngt huet missen eppes geschéien, fir d’Aarbechts- a Liewensbedingunge vun de schaffende Leit ze verbesseren.
Mat der Zäit sinn ëmmer méi Mutualitéiten entstanen an 1924 hu se sech dunn an der Fédération Nationale des Sociétés Luxembourgeoises de Secours Mutuels zesummegeschloss, dat also genee virun 100 Joer.
Eng esou grouss a wichteg Gesondheetsmutuelle wéi d’CMCM, där hir Grënnung am Joer 1956 louch, kann als eng vun de gréisste Leeschtunge vun der FNML bezeechent ginn.
Mam neie Kalenner 2024 wëll d’Bréifdréieschgewerkschaft deemno op d’Bedeitung vum Anniversaire vun der FNML hiweisen an d’Populatioun sensibiliséieren, fir sech der wichteger Roll vun der Mutualitéit hei zu Lëtzebuerg bewosst ze sinn, déi de Solidaritéitsgedanke voll a ganz spillt.
Wéi all Joer gouf de Bréifdréieschkalenner op eng graphesch uspriechend Aart a Weis vu Weyerdesign realiséiert.