
D'Sëtzung vun der zoustänneger Chamberkommissioun huet um Dënschdeg de Moie grad emol 10 Minutte gedauert, kontrovers Diskussioune bloufen aus, de Staatsrot hat a sengem Avis jo och keng gréisser Bedenke geäussert.
Agendaméisseg geet et elo ganz séier: en Donneschdeg gëtt de Rapport ugeholl an de Projet kéint schonn déi aner Woch an der Plenière ugeholl ginn.
Eng Fro déi sech awer weiderhi stellt, ass déi vun der Formulatioun an de Kollektivverträg.
Wa Rieds ass vum "congé légal plus esou an esou vill Deeg", da kréien d'Leit den neie Congésdag bäi.
Wann awer explizit "25 Deeg plus esou an esou vill Deeg" néier geschriwwe goufen, da gëtt et méi schwiereg.
Invité vun der Redaktioun (27. Februar) - Dan Kersch: Prozedure fir Feierdag vum 9. Mee an zousätzleche Congésdag lafen Hausse vum legale Congé: Banquieren an Assureure kéinten een Dag méi fräi kréien Koalitiounsverhandlungen: 2 supplementär fräi Deeg, Hausse vum Mindestloun a Legaliséierung vu Cannabis Legale Congé an Europadag: Méi Fräizäit schonn dëst Joer 26 Deeg an Europadag: Texter fir méi Congé am Regierungsrot ugeholl