D’Hausse vum minimale Congé vu 25 op 26 Deeg am Joer an den neie Feierdag vum 9. Mee wäerte scho fir dëst Joer gëllen.

Den LSAP-Aarbechtsminister Dan Kersch sot am RTL-Interview, déi entspriechend Ännerungen am Aarbechtsrecht géinge „nächste Freideg“ am Regierungsrot decidéiert ginn (code du Travail, article 232-2 an 233-4). Hie wier zouversiichtlech, datt d’Mesurë séier kënnen an der Chamber gestëmmt ginn.

Minimal 26 Deeg Congé d’Joer heescht net een zousätzleche Congésdag fir jiddereen. Well scho vill Leit méi wéi 25 Deeg zegutt hunn, betount de Minister: „Déi Betriber déi haut scho méi wéi 26 Deeg hunn, déi sollen net gesetzlech gezwonge ginn, doriwwer erauszegoen“.

Hie géing awer dovunner ausgoen, datt an deene Betriber, wou et méi wéi 25 Deeg ginn, d’Gewerkschafte bei zukünftege Kollektivvertragsverhandlungen een zousätzleche Congésdag wäerte fuerderen. „Mä dat ass eng Saach vun de Verhandlungen, wou d’Regierung sech soll eraushalen, fir d’Tarif-Autonomie ze respektéieren".

AUDIO: Méi Fräizäit schonn dëst Joer - Reportage François Aulner

"Richteg Richtung" oder "net frou"

D’Hausse vum minimale Congé gëtt vun der gréisster Gewerkschaft am Privatsecteur, dem OGBL, als en „éischte Schrëtt an déi richteg Richtung“ beschriwwen. Bei der UEL, de Vertrieder vun den Entreprisen, wier een „net frou“, besonnesch wéinst dem zousätzleche Feierdag, deen de Betriber, am Géigesaz zum 26. legale Congésdag, net flexibel kann organiséiert ginn an d’Produktiounschaîne ënnerbrieche géing.

Et ass net gewosst, wéi vill Beschäftegter zu Lëtzebuerg just 25 Deeg Congé d’Joer hunn. Enger Etüd vum Statec vun 2014 no, hätte ronn 60% vun de Beschäftegten e Kollektivvertrag.

Den Extrait aus dem Koalitiounsaccord: « Le congé légal minimum sera augmenté de 25 jours actuellement à 26 jours par année, en excluant une adaptation automatique des congés fixés par les conventions collectives en vigueur à la date de l’entrée en vigueur de la loi afférente. »