LCGBNeie Kollektivvertrag bei "Domaines Vinsmoselle" gouf ënnerschriwwen

RTL Lëtzebuerg
Den Accord gouf ëm dräi Joer verlängert a gëllt vum 1. Juli 2023 bis den 30. Juni 2026.

Wéi den LCGB schreift, wier dëse Kollektivvertrag eng substantielle Verbesserung fir déi 106 Mataarbechter. Esou kréien ënner anerem d’Leit, déi 10 Joer am Betrib sinn, een Dag Congé bäi, soss war et no 12 Joer, an e weideren Dag Congé gëtt et no 20 Joer. All zwee Joer gëtt et dann och eng Hausse vun der Pai vun 1,8 Prozent.

PDF: D'Schreiwes vum LCGB

Back to Top
CIM LOGO