
No e puer Méint konstruktive Verhandlunge wieren d’Gewerkschaften OGBL an LCGB sech mat der Direktioun eens ginn, deelt den Onofhängege Gewerkschaftsbond e Freideg de Moien an engem Schreiwes mat.
Déi nei Konventioun gouf en Donneschdeg ënnerschriwwen a gëllt retroaktiv vum 1. Januar dëst Joer u bis den 31. Dezember 2025. Nieft Avantagen, déi erhale bleiwen, géingen d’Salairen opgewäert ginn an eng Prime unique ausbezuelt ginn. De Cactus ass deen drëttgréissten Employeur zu Lëtzebuerg. Den Zuele vum Statec no hunn zejoert am Ganze 4.440 fir de Grupp geschafft.