Waasser vu Lëtzebuerg gouf an den 20er Jore souguer bis a China oder Uruguay ausgeliwwert. Mat enger neier Installatioun wëll d’Gemeng Suessem um Belval déi Geschicht elo nees opliewe loossen. No bei de Kamäiner tëscht Industrie-Site a Lycée huet se emol gespruddelt – d’Quell vu Bel-Val. Am Joer 2000 war se - zoufälleg - nees entdeckt ginn. Se nees frësch unzapen, war laang an der Diskussioun. National ewéi och op Gemengenniveau, esou d’Simone Asselborn-Bintz, Suessemer Buergermeeschtesch: “Dat ass awer elo méi schwiereg, well mer d’Waasser net einfach esou kënne ‘raushuelen’. Et ass wuel nach do. Déi Quell gëtt et nach. Ma et wier immens deier ginn an net sécher, ob d’Waasserqualitéit nach gutt genuch fir ze drénken ass.”
Eng Source mat enger eegener Perséinlechkeet
23 Joer méi spéit soll elo e summerleche Pavillon am Park vu Belval un e bëssen anere Passé erënneren. Am Kader vun Esch2022 goufe mat enger Lëtzebuerger Kënschtlerin digital Installatioune bäigefüügt: visuell ënner Daach – bausse gëtt mat Toun geschafft.
D’Laura Mannelli, d’Kënschtlerin hannert dem Projet: “Ech hu mech ënner anerem fir eng Audio-Installatioun decidéiert. D’Prabbelie si mat Lautsprecher ausgerëscht. Mee se sinn och an de Maueren oder am Buedem verstoppt. Et ass e bësse wéi eng Waasserstréimung, déi een iwwert dës Plaz hei begleet. D’Source kritt esou eng eege Perséinlechkeet.”
Iwwer 40 Joer laang gouf produzéiert
Quell vun Esch-Belval huet eng laang Geschicht. 1891 gouf d’Waasser fir d’éischt um Belval gezaapt. D’Waasser krut deemools eng gutt Qualitéit nogesot. Räich un Eisen, Kalzium a Mineralesche Salzer – gouf et fir allméiglech Krankheete benotzt. En Nieweprodukt waren deemools och Eisen a Kalzium-Pëllen, déi géint Tuberkulos an den Asaz koumen.
Vun Argentinien bis China
Waasser dat duerch d’Welt goung: All dach – Ugangs dem 20. Joerhonnert – ass en Zuch voll Waasser an d’Ausland transportéiert ginn.
300.000 Liter den Dag koumen aus der Quell a ronn 50 Leit hunn d’Waasser a Fläschen ofgefëllt. Als natierlech Waasser, ma och als Limonade. Um Héichpunkt vu senger Produktioun sinn zu Esch 2 Millioune Fläsche produzéiert ginn.
An den 1930er Joren huet d’Nofro nogelooss. Den Drock vun der internationaler Kompetitioun klëmmt. 1935 du gouf d’Produktioun agestallt, d’Aktionäre waren net méi intresséiert.
Knapp 90 Joer méi spéit gëtt d’Quell nees belieft – anescht ewéi Ugangs gehofft. Ee Moment gouf vum fréiere Suessemer Buergermeeschter Fred Sunnen e Wellness-Zenter an d’Gespréich bruecht.
Nei Awunner mat u Bord huelen
Zanter 2005 gëtt fläisseg um Site zu Belval geschafft. Honnerten nei Haiser an Appartementer, dausende nei Awunner sollen dëse Summer en alt Stéck Geschicht summerlech presentéiert kréien, esou d‘Buergermeeschtesch: “Hei ass elo net nëmmen eng kënschtleresch Aktivitéit. Mee et ass och e Pavillon an deem herno e klenge Betrib dran ass wou een och eppes iessen an drénke ka kommen. Dat hëlleft dem Site hei och.”
Wéini genee d’Restauratioun am Pavillon opgeet, steet nach fest. De Schäfferot soll sech déi nächst Woche fir e Locataire decidéieren. Dëse Summer wéilt een awer net verpassen.