
Kriminologie gëtt dacks falsch verstanen. “D’Kriminologie ass eng Sozialwëssenschaft“, erkläert d’Sophie Gosselin. “Dat huet näischt mat der Kriminalistik ze dinn.“ Am Mëttelpunkt steet d’Fro, wat Ursaache vu Kriminalitéit sinn.
“Et muss een interesséiert sinn, fir mat där Populatioun ze schaffen an och wëlle verstoen, wisou eeben effektiv Leit Saache maachen, déi net an der gesellschaftlecher Norm sinn“, seet d’Sophie Rodesch.

Dobäi spillt och d’Gesellschaft eng Roll. Et géif net den typesche Prisonéier ginn, erkläert d’Kriminologin.
“D’Gesellschaft huet geännert. A mat der Gesellschaft ännert natierlech och d’Kriminalitéit.“
Kriminalitéit wier e Spigelbild vun der Gesellschaft, vun alle Gesellschaftsschichten, vun all Alter. Den “0815 Stroftäter“ géif et net ginn.

Den SCAS ass an zwou Sektiounen opgedeelt, déi eng schafft mat Leit am Prisong an déi aner mat Persounen, déi hir Strof dobaussen ofsetzen.
Am Prisong geet et virun allem ëm Perspektiven. “Dat hänkt och ëmmer vun der Volontéit of vun der Persoun, sech ze reintegréieren“, seet d’Sophie Gosselin. Net jiddweree mécht mat: “Verschiddener soen: ech maachen elo meng puer Méint an dann, da war et dat.“
D’Kriminologe probéieren awer, Alternativen opzebauen. “Mir kucken da mat hinnen, dass si u sech beschtméiglech preparéiert sinn”, erkläert si. Dat geet iwwer Gespréicher, Struktur am Alldag bis zur konkreter Virbereedung op d’Liewen dono.
D’Reintegratioun ass komplex an hänkt vu ville Facteuren of. E soziale Reseau kann entscheedend sinn, esou d’Sophie Rodesch.
“Een, deen dobaussen e staarke Reseau huet, deen huet et natierlech e bësse méi einfach wéi een, dee kee Reseau huet.“
Besonnesch d’Wunneng ass e Problem: “Wann ee kann erëm bei seng Famill wunne goen, ass dat eng Liichtegkeet, déi anerer net hunn.” D’Situatioun um Marché géif et net méi einfach maachen a fir Leit mat engem Stigma gëtt et nach méi schwéier. E spezielle Projet gouf op d’Bee gestallt, fir bei der Wunnengssich ze hëllefen.

Eng Entwécklung gesinn d’Kriminologinne mat Suerg. Gewalt ass mëttlerweil bei ville Mënschen Alldag ginn. “Gewalt gëtt och méi banaliséiert“, seet d’Sophie Rodesch. Dat huet verschidde Konsequenzen. Verschidde Saache géifen net méi esou als schockant empfonnt ginn, wéi nach virun e puer Joer. Besonnesch bei Jonke géif dat ëmmer méi eng grouss Roll spillen: “Alles, wat se reegelméisseg gesinn, gëtt vill méi banaliséiert. An d’Gewalt soll net banaliséiert ginn.“
Och Gruppendynamiken beaflossen d’Verhalen: “Wa mäin Noper dat mécht, dann ass dat vläicht och cool, wann ech dat och maachen.“ Dobäi kënnt en neurologesche Facteur, de Prefrontal Cortex ass nach net esou developpéiert bei Leit ënner 25 Joer. Dacks wiere sech d’Täter de Konsequenzen net bewosst.
An enger digitaler Welt gëtt dat nach verstäerkt. Duerch Videoen, duerch déi vill Kricher, dat alles géif zur Banaliséierung vu Gewalt bäidroen.
“D’Leit ginn dozou gedréckt, Saachen ze maachen, déi se duerno bereien.“
Zum Schluss bleift d’Realitéit vum Beruff, déi dacks net einfach wier. “Mir kënnen 150 Prozent ginn”, seet d’Sophie Rodesch. “Mee wann d’Persoun selwer net 70% gëtt, dann ass dat hire Choix.”
Trotzdeem ginn et och ëmmer nees positiv Beispiller an Erfolleger: Leit, déi sech stabiliséieren an en neie Wee fannen. “Wann een de Wee zu sech selwer fonnt huet, dat ass schéin ze gesinn”, erkläert d’Sophie Gosselin. An dat bleift eng vun den Haaptmissiounen, net nëmmen d’Dot ze gesinn, mee de Mënsch dohannert. An en Deel dozou bäidroen, dass déi Leit d’Méiglechkeet kréien, sech ze änneren.
De kompletten Interview am Bild