D’Faarwe fir d’Eeër selwer ze fierwen, ginn nach ëmmer vill verkaf. Mee och fäerdeg, Eeër landen an der Akafstut. Wat de Schockela betrëfft, huet d’Mentalitéit awer liicht geännert, erkläert de Fabrice Brisson, vun der Direktioun vum Supermarché : Ce qui se fait aussi beaucoup au moment de Pâques, pour les enfants et pour ravir les enfants, forcément, c’est offrir du chocolat. Et ce qu’on remarque beaucoup, c’est qu’aujourd’hui on va privilégié de la qualité sur le chocolat plutôt que de la quantité.
Déi al Lëtzebuerger Traditioun vun der Bretzel an dem Ouschteree dierf een och net vergiessen. Wann de Mann eng Bretzel geschenkt huet, dann ass et elo un him, fir um Sonndeg iwwerrascht ze ginn. D’Traditioun bleift och beim Ouschtermenü erhalen, wou d’Schofsfleeg nach ëmmer beléift ass : La tradition, ça reste toujours l’agneau. L’agneau reste toujours phare, que ce soit le gigot d’agneau ou les petites gouttes d’agneau, ce sera toujours ce qui se vend le mieux en ce moment pour les tables de Pâques.
Nieft dem Schockela kënnt et och ëmmer méi op, dass d’Kanner Kaddoe fir Ouschterdag kréien. D’Spillsaache sinn awer net dat eenzeg, wat den Ouschterhues bréngt : Les fleurs fonctionnent très bien à Pâques. On est dans une période où on arrive au printemps, le soleil sort, on a des très belles coupes avec des narcisses, des plantes ou des fleurs comme les tulipes.
Vill Leit waren nach déi lescht Kommissioune maachen, ier déi meescht déi nächst zwee Deeg mat der Famill verbrénge wäerten.