Helikopter bei Sich am AsazPolice stoppt no Abréch zu Ollem a Capellen eng Rei presuméiert Täter

RTL Lëtzebuerg
Dat mellt d'Police e Sonndeg de Moien an hirem Bulletin un d'Press.
© Police

E Samschdeg de Mëtteg um kuerz no 13 Auer gouf zu Ollem an der Rue John F Kennedy en Abroch an en Eefamilljenhaus gemellt. Éischten Informatiounen no huet sech hei en Täter Zoutrëtt an d’Haus verschaaft an deem hien eng Fënster futti geschloen huet. Bannen am Gebai huet hie Saachen duerchwullt an ass dono geflücht.

Net eng Stonn méi spéit koum et dann zu engem weideren Abroch, dat an der Rue de la Gare zu Capellen. Och hei huet den Täter eng Fënster ageschloen. No enger Sichaktioun, un där e puer Patrulle an en Helikopter vun der Police am Asaz waren, konnten e puer Verdächteger gestoppt ginn. Weider Ermëttlunge lafen am Moment.

Weider Abréch an Déifställ

Um 15 Auer goufen der Police dunn zu Holzem dräi presuméiert Déiwe gemellt. Ënnert anerem goufe si a Verbindung bruecht, op der Aire de Capellen Wuere geklaut ze hunn. Eng Sich no de presuméierten Täter war positiv, si goufe kuerz Zäit méi spéit vun der Police gestoppt. Och hei lafen elo weider Ermëttlungen.

Da goufen et och nach eng Rei Abréch an Autoen am Laf vum Samschdeg, dat zum Beispill kuerz viru Mëtteg, nees zu Capellen. Hei gouf eng Fënster vum Täter ageschloen an e Laptop geklaut. An och zu Munneref gouf Moies an en Auto agebrach, hei hat eng onbekannte Persoun en Tablet matgoe gelooss.

Méi soéit am Moien gouf der Police dann nach e weidere Fall am Rollengergronn gemellt. Hei hu sech Täter éischten Informatiounen no och Zougang an en Auto verschaaft, deen bei enger Strooss geparkt war. Hei gouf direkt de kompletten Auto geklaut. Ermëttlunge säitens der Police goufen ageleet.

Back to Top
CIM LOGO