
Et sollen an d'Zukunft méi Touristen op der Musel ugelackelt ginn, sief dat op der Lëtzebuerger, Däitscher oder Franséischer Säit vun der Grenz. De Projet "Via Mosel" soll virun allem d'ganz Grenzregiounen zum Floss zu méi Visitte motivéieren, vun August u soll och mam ORT, dem regionalen Tourismus-Büro vun der Musel geschafft ginn.
"Via Mosel" esou heescht eng nei Plattform, déi verschidde Wënzer aus der Musel-Regioun méi no soll bei de Client bréngen. De Client hei muss awer net onbedéngt den traditionelle Wäiconnaisseur sinn, mä hei gëtt virop op déi lokal, ma och international Touriste gesat, déi Prett sinn, Neies ze entdecken, esou de Peter Klein, Chef vun der Saarschleifenland Tourismus GmbH.
„Dat léisst sech ganz schéi mat aneren touristeschen Theme kombinéieren, ewéi wanderen, Vëlofueren, oder aner kulturell Themen. Thema Architektur passt hei och ganz gutt eran. De Wäin ass a bléift dat zentraalt regionaalt Produkt. De Wäi präägt eis Kultur-Landschaft an de Museldall ganz besonnesch. “
Virop soll et och em d'Architektur goen, déi e Muselstiedchen dacks erausstieche léisst.
„D'Fokusséieren op d'Architektur ronderëm de Wäibau, d'Wäinuertschaften, a Wäigidder, brénge ganz nei Unhaltspunkte fir den Tourismus an der Regioun.“
Et wier allgemeng wichteg, esou Projeten ewéi de "Via Mosel“ an d'Liewen ze ruffen, esou de Marc Weyer, President vun Terroir Moselle. Et bräicht een eng gesond a lieweg Wäiwirtschaft.
„Dat dréit dozou bei, datt d'Dierfer an hirer Form a Stil erhale bliwwe kënnen an, datt e finanziell gutt genuch opgestallt ass, fir déi traditionell Gebaier kennen z'erhalen an awer och flott zäitgenëssesch Gebaier dobäizesetzen. “
Laanscht d'Streck tëscht de proposéierten Destinatiounen, déi vun enger onofhängeger Jury erausgesicht goufen, féieren och Vëlosweeër.
An den nächste Méint soll een nieft Informatiounen zu de Wënzer, der Architektur, der passender Restauratioun, och ugepassten Dages-Touren duerch déi 3 Länner offréiert ginn. Dat natierlech soubal sech d'Corona-Restriktioun op de Grenzen e bëssen oplockeren.