Am RollengergronnNeie Quartier "Faïencerie" fir 2.000 Mënschen entsteet

Diana Hoffmann
Bei Villeroy&Boch entsteet en neie Quartier op enger Surface esou grouss wéi 12 Fussballfelder. Bauhäre sinn d'Stad Lëtzebuerg an e private Promoteur.

2.000 Mënsche sollen eemol am Quartier Faïencerie tëscht dem Rollengergronn, der Millebaach an dem Lampertsbierg wunnen. Virgesi sinn dofir 810 Wunnengen. 320 dovunner wäert d’Stad Lëtzebuerg bauen, där 43 Prozent vum Terrain gehéiert. 80 Prozent vun alle Gebaier gi Wunnengen. E groussen Deel dovunner Sozialwunnengen, wéi den zoustännege CSV-Schäffe Serge Wilmes erkläert. Wann de Schäfferot no de Walen nach d’Soen hätt, wéilt een, dass all d’Wunnengen um Terrain vun der Stad ënner dem Marchéspräis ugebuede ginn. Och nei Wunnformen, wéi kooperatiivt Wunnen, sollen integréiert ginn.

Néie Quartier Faïencerie / Rep. Diana Hoffmann

De private Promoteur huet sengersäits d’Obligatioun op d’mannst 10 Prozent vun alle Wunnengen als abordabele Wunnraum zur Verfügung ze stellen, well dëse PAP gestëmmt ginn ass, wou nach den ale Pacte Logement en Vigueur war.

Iwwer d’Plaz fir de Lift, deen de Quartier iwwert eng laanger Passerell spéider soll mam Lampertsbierg verbannen, wier de Schäfferot sech dann dëse Méinden eens ginn, seet de Serge Wilmes. Mä et wieren nach vill Etüden néideg, fir d’Detailer ze klären.

Bis et mat den éischten Aarbechte ka lass goen, muss fir d’éischt nach d’Konventioun, déi festleet, wou genee Gréngflächen, Stroossen a Reseauen hikommen, am Gemengerot gestëmmt ginn. De private Promoteur wäert, wéi et ausgesäit, kënnen éischter mat sengem Aarbechten ufänken. D’Stad awer wuel net virun Enn 2026, well si nach en Depot vun hiren Zerwisser um Terrain huet, an nach grad u villen anere Projete schafft. Mat éischte Spuedestéch ass deemno allerfréistens an engem Joer ze rechen.

Back to Top
CIM LOGO