Parlamentaresch FroNeie Site fir École Nationale pour Adultes nach net definitiv

Roy Grotz
Kevin Kayser
De Site zu Mamer bleift wuel aktuell, ma do soll elo virun der Decisioun eng Verkéiersetüd gemaach ginn.
© AFP

Et ass nach net sécher, dass dat neit Gebai fir d'École Nationale pour Adultes, kuerz ENAD, soll op Mamer kommen. Dat confirméieren d'Ministere Kersch, Meisch a Bausch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Martine Hansen.

Dee geplangte Site zu Mamer bleift aktuell, mä wärend enger Iwwergangsphase soll déi fréier École de la Deuxième Chance, déi den Ament a Containeren zu Hollerech ass, op enger anerer Plaz fonctionnéieren. Dëst dierft op Belval sinn, och wann dee Site net offiziell genannt gëtt.

Fir de Site Mamer gëtt iwwerdeem eng Verkéiersetüd gemaach, well elo ewell bei de Schoulen um Tossebierg dagdeeglech d'Stroossen iwwerlaascht sinn an et zolidd an de Spëtzestonne staut. Des Etüd gëtt sech net virum Summer erwaart.

Déi meescht vun den ENAD-Schüler, ëmmerhin aktuell 47 Prozent, kommen iwwerdeem aus dem Minett. Wat de Site fir de neie Sportlycée ugeet, sou bleift och do Mamer aktuell, och wann am Fall vun dëser Schoul géifen nei Sitte gepréift ginn.

Back to Top
CIM LOGO