
Virun 80 Joer gouf Lëtzebuerg duerch déi Alliéiert vun der däitscher Besatzung befreit. Vum Grand-Duché aus sinn déi alliéiert Truppen dunn op den däitschen Territoire virgedrongen. Fir un d’Liberatioun an de Wee, deen d’Zaldoten dobäi zeréckgeluecht hunn, ze erënneren, gouf en Donneschdeg de Mëtteg am Ettelbrécker Patton-Musée de Projet vun der “Liberation Route Europe” presentéiert.
Wie vun Ierpeldeng erfort iwwert d’Patton-Bréck an Ettelbréck erafiert, ka se bal net iwwersinn, d’Statue vum amerikanesche Generol George S. Patton. Oder besser gesot, ka se rëm net méi iwwersinn. D’Plaz ronderëm d’Monument, de Patton Square, gouf nämlech nei amenagéiert an d’Statue op ee méi héije Sockel gestallt. Et goufen och dräi Silhouetten, déi Zeenen a Gebaier aus dem Zweete Weltkrich weisen, opgeriicht. Dës weisen den Ettelbrécker Café Bellwald, amerikanesch Zaldoten, déi ee Blesséierten an eng Jeep leeën an den amerikanesche Paschtouer Harold Prudell. Mat deem neie Lieu de mémoir wëllt een och Jonker uschwätzen, esou e Jos Tholl, President vum Ettelbrécker Patton-Musée.
“Dofir hu mer dat jo och an deem neie Styl gemaach. Dat heescht QR-Code, alles dat wou déi jonk Leit Geschicht direkt, well et ass jo kee méi, dee laang liest, um Handy kucken. Et héiert een et, et schwätzt een. Et ass ee Liesartikel an ee Vocalartikel. De Vocalartikel ass wierklech flott, kuerz an de Liesartikel ass eben ee ganz groussen, deen alles am Detail mécht.”
De Patton-Square ass Deel vun der “Liberation Route Europe”. Dëse Wanderwee zeechent d’Route vun den alliéierten Truppe bei der Befreiung vun Europa no. Zu Lëtzebuerg féiert se iwwert ronn 270 Kilometer vu Schengen iwwert Esch, d’Stad, Iechternach, Dikrech, Ettelbréck bis a Richtung Baaschtnech respektiv Belsch Ourthe. Den Eric Thill huet a senger Funktioun als delegéierten Tourismusminister ënnerstrach, datt esou Projeten, nieft dem wichtegen Aspekt vun der Erënnerung, och een ekonomesche Volet hunn.
“Entgéint deem, wat dacks ugeholl gëtt, sinn d’Gedenktouriste, déi op Lëtzebuerg kommen, relativ jonk. Déi gréisst Altersgrupp ass tëscht 25 a 34 Joer al. Interessant ze soen ass och, datt dës Gedenktouriste wärend hirem Openthalt ronn véier Deeg hei zu Lëtzebuerg bleiwen, hei iwwernuechten, gréisstendeels an Hotellen an an deem Sënn och aner touristesch a kulturell Sitten hei am Land besichen.”
Den amerikaneschen Ambassadeur Thomas M. Barrett huet ënnerstrach, datt een an den USA d’Gedenkaarbecht zu Lëtzebuerg ze schätze weess.
“It is simply amazing, to see what an incredible job the different local communities in Luxembourg do, to remember the role that the United States played in World War II.”
De Weekend vum 21. an 22. September gëtt zu Ettelbréck dann och mat enger Partie Aktiounen un d’Befreiung vun der Stad virun 80 Joer erënnert.